Emissioun vum 2. Mee: Den Elijah McCoy kritt 169 Joer

Dat ass jo schon e gudden Alter an deen Numm seet wahrscheinlech deene meeschten näischt...

Dem Elijah seng Eltere waren Sklaven, a sinn iergendwann a Kanada fortgelaaf, wou den Elijah fräi op d’Welt komm ass. Spéider huet hien a Schottland mechaneschen Ingénieur studéiert, mee hien huet trotzdem an Amerika just Aarbecht als Heizer oder Schmierer bei der Bunn fonnt - wahrscheinlech wéinst senger Hautfaarw.

D’Zich hunn deemools nach reegelméisseg misse stoe bleiwen fir de Motor geschmiert ze kréien, wat vill Zäit a Sue kascht huet. Den Elijah huet dunn eng mechanesche Schmieranlag erfonnt, déi de Motor während dem Fueren geschmiert huet. Dat war säin éischt Patent, an et sinn der nach 56 nokomm. Well hien all d’Hindernisser wéinst senger Hautfaarw iwwerwonnen huet, ass e bis haut e grousst Firbild bei den Afro-Amerikaner. An net nemme bei hinnen! Well 57 Patenter, dat packen der net vill, op Afro-Amerikaner oder net!