Emissioun vum 10. Mee: Benjamin Franklin an d'Elektresch

Haut féiert dem Benjamin Franklin seng gréissten Erfindung 261 Joer!

© Wikipedia

Als Zäitgenosse vum George Washington an dem Thomas Jefferson ass de Benjamin Franklin éischter als Statsmann an Demokrat bekannt. Mee hie wor och en unerkannten Erfinder!

An zwar ee mat Häerz a Séil. Hie wollt de Leit d’Liewen einfach nëmme méi einfach man! Zu sengen Erfindunge gehéieren zum Beispill d’Spektiv, den Odometer - en Apparat deen eng zeréckgeluechten Distanz moosst - an d’Kachmaschinn - en Uewen, deen een esouwuel fir ze hëtze wéi fir ze kache ka benotzen.

Mee seng grouss Leidenschaft war d’Elektresch! De Blëtz war zu deier Zäit nach eppes rätselhaftes. Enger Legend no hätt de Benjamin mat sengem Jong en Experiment duerchgefouert fir ze beweisen, dass et sech em eng elektresch Entluedung handelt. Während engem Donnerwieder hätten se en Draach mat engem Schlëssel dru fléie gelooss, an de Schlëssel wier duerno elektresch opgeluede gewiescht. Ob Legend oder net, hien huet dee Prinzip ugewannt an esou de Blëtzableiter erfonnt. Sou hunn d’Leit net méi misse fäerten dass hiert Haus kéint a Flamen opgoen.