Emissioun vum 14. Mee: Gebuertsdag vum Daniel Fahrenheit

Haut bléist den Daniel Fahrenheit 327 Käerzen aus.

Hien ass de Papp vun där éischter standardiséierter Temperaturskala, dem Grad Fahrenheit. Obwuel mir an Europa an der Tëschenzäit de Grad Celsius benotzen, ass de Grad Fahrenheit an Amerika nach gängeg !

An et ass guer net esou einfach, fir eng Temperatur vu Fahrenheit an Celsius ëmzerechnen! Den Daniel huet, grad wéi den Här Celsius, de Gefréierpunkt an de Kachpunkt vum Waasser als Referenz geholl. Den Intervall tëscht deenen zwou Temperaturen huet en an 180 Unitéiten opgedeelt, déi e Grad Fahrenheit genannt huet. Mee hien de Gefréierpunkt NET als 0 Grad Fahrenheit geluecht, mee op 32! An zwar fir d’Temperaturskala esou ze ajustéieren, dass de mënschleche Kierper genee 100 Grad Fahrenheit hätt!

Dat weist schonn, wéivill hie sech fir Naturwëssenschaften interesséiert huet. Als geléierten Händler zu Amsterdam huet en einfach eng Léier als Glasbléiser gemaach an ugefaang Barometeren, Altimeteren an Thermometeren hirzestellen. A well deemools nach jiddereen seng eegen Temperaturskala hat, huet hien de Leit d’Liewen mol vereinfacht an e standardiséierte Modell erfonnt!