Emissioun vum 22. Mee: Haut féiert de Vëlo seng 194 Joer

Obwuel d’Begeeschterung am Ufank spontan grouss war, huet et eng Zäit gedauert bis e sech als Sport an Transportmëttel duerchgesat huet.

Kee Wonner och! Deen éischte Vëlo hat nach guer keng Pedallen! Dat ware just zwee Rieder, mat engem Sëtz dotëscht, an engem Guidon um viischte Rad. Mee de Vëlo war schwéier, onhandlech, an net méi séier wéi wann een zu Fouss gaang wier! Bal 50 Joer méi spéit, koum réischt een op d’Iddi, fir Pedallen drun ze man! An och iwwert dat Resultat muss ee grinsen: dat viischt Rad war riseg grouss, an de Guidon an d’Pedalle waren do dru festgemaach. Ganz bequem war déi Saach net, an et war och bestëmmt net einfach fir d’Gläichgewiicht ze halen. Duerno  sinn nach eng Rei esou kuriéis Gefierer opgetaucht, bis de “richtege” Vëlo, sou wéi mir e kennen, em d’Jorhonnertwend de groussen Duerchbroch hat.

Iwweregens gëtt et a Frankräich nach en alt Gesetz, wat et de Frae verbidd eng Box unzedoen, AUSSER fir ze reiden oder Vëlo ze fueren. Glécklecherweis gëtt dat Gesetz awer net méi applizéiert!