Emissioun vum 28. Mee: Éischt ëffentlech Schwemm geet op!

Haut virun 271 Joer mécht déi éischt ëffentlech Schwemm zu London op!

Et ass eigentlech eng Mëschung tëscht der Schwemm, wéi d’Reimer an d’Griichen se haten, an der Schwemm, wéi mir se haut kennen.

D’Réimer, d’Griichen an d’al Egypter hate jo schonn 5.000 Joer viru Christus esou Gemeinschaftsbäder. Donieft haten se awer och Schwemmen, déi fir d’athletesch Ausbildung vun de Kanner a militäreschem Training benotzt gi sinn.

Am 18te Jorhonnert war London nach eng relativ knaschteg Stat, wou d’Leit sech am Floss mam Ofwaasser gewäsch hunn. Dofir koum d’Iddi op, fir kommerziell Schwemmen ze bauen, wou déi räich Männer - an zwar nëmmen d’Männer - sech a rou konnte wäschen an athletesch austoben. Eng Rei Trainere stoungen zur Verfügung fir engem schwamme bäizebréngen, an anscheinend hunn och jonk Meedercher aner, bësse méi delikat Servicer ugebueden. Dat erkläert vläit, firwat d’Frae keen Zougang haten!

Schwammen als Sport ass eréischt 150 Joer méi spéit duerch d’olympesch Spiller populär ginn. Privatschwemmen am Gaart hunn eréischt nom zweete Weltkrich geboomt, well se den “american Dream” vu Räichtum a Wuelstand symboliséiert hunn.