Emissioun vum 13. Juni: D'Magnéitesch Ophuelgerät

Haut féiert dem Marvin Camras seng gréissten Erfindung Gebuertsdag: d’magnéitesch Ophuelgerät!

© Robert Jacek Tomczak

Mir hunn dat zwar haut net méi am Gebrauch, mee et huet awer d’Welt vun der Tountechnik verännert !

Fir sengem Cousin, engem Sänger, e Gefalen ze man, huet de Marwin Camras him en Ophuelgerät erfonnt. Als elektreschen Ingenieur huet hien iwwer 500 Patenter an deem Beräich, all rondrëm magnéitesch Systemer fir Toun opzehuelen, ze späicheren a rëm ofzespillen. Verschiddener kenne mer nach: Kassetten a Videokassetten, Floppy-Disketten a Kreditkaarten. Hie war net nëmmen Erfinder, mee och Visionär! Schonn an de 60er Joren huet hie fir 2012 eng Masseproduktioun vu klengen, drobaren elektronesche Geräter virausgesot, fir Filmer a Musek opzehuelen, ze späicheren an ofzespillen. Hien hat och d’Dynamik vum downloaden an dem Impakt op d’Musek- a Filmindustrie virausgesinn, grad esou wéi online Shoping, online Zeitungen a weltwäit online Geldtransaktiounen! Wou soll hien seng Kristallkugel nëmme verstoppt hunn? Et kéint ee jo mol e Bléck riskéieren a kucke wat an deenen nächste 50 Joer sou wäert geschéien!