Emissioun vum 7. Juni: James Young Simpson feiert 202 Joer

Haut féiert hien säin 202. Gebuertsdag. Als jonken Dokter huet hien et net verkraft, fir d’Leit während Operatiounen a Kannergebuerten a Péng ze gesinn.

© Kevin King

Dofir huet hien esou laang mat Chemikalien experimentéiert, bis e Chloroform als Betäubungsmëttel entdeckt huet.

Schonn als jonken Dokter huet hien nei Techniken erfonnt, fir d’Kannergebuert méi einfach a sécher ze man, an eng ganz Rei medezinesch Instrumenter sinn no him benannt. Bei Operatiounen oder Kannergebuerte sinn him awer d’Schudderen de Réck erof gelaf. Vill Operatioune sinn deemools näämlech nach ouni Betäubung – a Gebuerten ouni Schmerzmëttel - gemaach ginn, an den Ether, deen heinsdo geholl ginn ass, hat vill Niewewierkungen.

Op der Sich no engem Betäubungsmëttel huet hien enges Owes mat Kollege Chloroform geschnoffelt. Nodeems se net méi konnten ophale mat laachen, sinn se der Rei no ageschlof! Chloroform huet sech du séier an Europa an Amerika verbreet an Ether als Betäubungsmëttel ersat. Leider hat keen d’Niewewierkunge richteg ageschätzt, a wéi sech erausgestallt huet waren se méi katastrofal wéi déi vum Ether! Sou dass den Ether iergendwann rëm aus dem Tirang geholl ginn ass an de Chloroform ersat huet.