Emissioun vum 22. Juni: Den Doughnut feiert 166 Joer 

Als Lieblingsgebäck vum Homer Simpson ass en e Symbol fir Amerika. An dobäi ass en Doughnut guer net amerikanesch, déi hunn d’Rezept geklaut!

© Wikipedia/Elaine Ross Baylon

Esou genee weess keen, wou den Doughnut hierkënnt a ween en erfonnt huet. An trotzdem hunn eng ganz Rei Leit sech als Erfinder ernannt! Et gëtt kee Patent, also ka jo och keen hinnen d’Géigendeel beweisen!

Gewosst ass op alle Fall, dass den Doughnut eigentlech eng hollännesch Spezialitéit war. D’Hollänner hunn hir “Uelegbullen”, wéi si se genannt hunn, mat an Amerika geholl, wéi se ugefaang hunn do Siedlungen opzebauen. Mee wéi kennt d’Lach an den Doughnut? Do fänkt de Sträit un. Déi populärste Versioun schreift dem hollännesche Kapitän Hanson Gregory d’Erfindung zou. Well d’Uelegbullen dack onregelméisseg gebak waren an an der Mëtt nach réi waren, huet hien sengem Kach um Schëff gesot hie soll déi réi Mëtt dann einfach rausloossen. A scho war den Doughnut gebuer.