Emissioun vum 25. Juni: Doudesdag vum Jacques Cousteau

Haut féiere mer e bësse méi en traurege Gebuertsdag: De Jacques Cousteau ass viru 16 Joer gestuerwen!

© Wikipedia/Brocken Inaglory

Jidderee kennt en aus senge Fernsehfilmer, wou en eis mat senger rouder wollener Mutz op Entdeckungsrees duerch d’Mierer geholl huet.

De Jacques Cousteau war eigentlech vill méi wéi e Filmproduzent. Hie war och Offizéier, Entdecker, Erfinder, Wëssenschaftler, Photograph, Schrëftsteller a Fuerscher.

Seng éischt Filmer waren natierlech duerch déi spektakulär Biller faszinéierend an interessant. Mee zu deier Zäit gouf et och nach keng gudd Tauchausrüstung, an och net vill Material fir ënner Waasser ze filmen. Hien huet also alles selwer afonnt a gebastelt wat e grad gebraucht huet. Et gouf och nach keng Riets vun Ëmweltverschmotzung, vun ze intensiver Benotzung vun natierleche Ressourcen oder Klimawandel. Vu sengem Boot Calypso aus, engem Militärboot wat e fir seng Zwecker ëmgebaut huet, huet en de Leit d’Aan opgemaach an op des Problemer opmierksam gemaach. Wéi en ëmmer mat engem Schmunzelen un Deck vu sengem Boot gesot huet: “Schliisslech setze mer all am selwechte Boot!”