Emissioun vum 8. MeeGebuert vum Thomas Hancock!

Den 8. Mee 1786 ass den Thomas Hancock op d’Welt komm, en engleschen Erfanner aus der Gummi-Industrie.

Den Thomas Hancock ass e bëssen den engleschen Equivalent vum Charles Goodyear – Erfanner a Geschäftsmann. Hien huet d’Gummi-Industrie mat 16 Patenter revolutionnéiert. Seng gréisst Erfindung war en eng Maschinn, e Schredder am Fong, fir Gummi ze recycléieren!

A wat huet en da mam Charles Goodyear ze dinn?

Si hunn Allenzwee d’Gummi-Industrie dominéiert. A si hunn Allenzwee quasi gläichzäiteg  e Patent fir de Vulkaniséierungsprozess (ee Prozess dee Gummi méi flexibel mécht) ugefrot – deen een an Amerika an deen aner an England! Den Hancock war awer 8 Woche méi fréi, an ass dofir laang als Erfanner vun deem Prozess ugesi ginn! Mee do ass awer e bëssen industrielle Spionage hannendru gewiescht! De Goodyear hat de Prozess nämlech erfonnt, mee den Hancock ass iergendwéi un e Stéck vulkaniséierte Gummi vum him komm an huet de Prozess kuerzerhand ënnert sengem eegenen Numm patentéiert!

Dee Schoss ass jo dann awer no hanne lass gaang: vum Hancock héiert een näischt méi a Goodyear gëtt et ëmmer nach!

Jo, dat ass awer och well déi zwee hier Industrie an aner Richtungen entwéckelt hunn: Goodyear ass haut ëmmer nach a Pneue spezialiséiert, an den Thomas Hancock huet sech méi op waasserdicht Textilie konzentréiert. Déi éischt waasserdicht Kleeder, d’Verkleedung vun transatlanteschen Telefonskabelen a d’Waasserschläich vun de Pompjeen .... alles Gummi-Textilie vum Hancock!