Emissioun vum 15. MeeD‘Maschinnegewier gëtt erfonnt!

De 15te Mee 1718 huet den James Puckle d’Maschinnegewier erfonnt fir Schëffer, Brécken a Gebaier ze verteidegen.

© Simon Cousins

Vun engem mënschleche Standpunkt hir hues de Recht. Mee technesch gesinn ass et awer eng aner Saach! Den James Puckle war senger Zäit nämlech e bësse viraus!  Den Opbau an d’Struktur vun deenen eenzelne Stécker war esou komplizéiert, dass bal keen Handwierker den techneschen Knowhow hat fir se hierzestellen!

Wat war dann esou komplizéiert drun?

De Laf war op engem Trépied festgemaach an an de Revolver selwer konnts de 9 Kugele maachen. Mat Hëllef vun enger Kuerbel konnts de eng Kugel no där aner mam Laf alignéieren. Fir all Schoss hues de awer nach missen d’Polver dobäi maachen an ufänken. Dat klengt ëmmer nach ëmständlech, mee du konnts ëmmerhin 3 Schëss pro Minutt feieren!



3 Schëss pro Minutt! Do has de jo nach Zäit fir dech ze verstoppen!

Jo, dat war awer schonn net schlecht fir 1718! Et war awer ni am Asaz an d’Leit ware relativ skeptesch! Trotzdem ass de Puckle als Papp vum haitege Maschinnegewier an d’Geschicht agaang. An en huet esou guer d’Erfannung vun der éischter mobiler Filmkamera erméiglecht! Déi nämlech op deem selwechte Prinzip baséiert war.

Biller schéissen ass och bedeitend besser wéi mat Kugele schéissen!