Emissioun vum 22. MeeDen Abraham Lincoln kritt e Patent!

Den 22te Mee 1849 huet den Abraham Lincoln e Patent kritt fir eng Erfindung an der Schëfferei. Wat huet en US-President mat Schëffer ze dinn?

© David and Jessie

Den Abraham Lincoln war vu klengem un en zimlechen Abenteuerer an huet a senger Jugend op Dampschëffer um Mississippi geschafft. A wann do e Schëff op enger Sandbänk gelant ass, war dat vill Aarbecht fir et nees erof ze kréien! Also huet hien eng Maschinn erfonnt, déi de Schëffer sollen iwwer Sandbänken hëllefen!

Wat war dat da fir eng Maschinn?

Hien huet e Schëff entwéckelt, mat e lauter waasserdichte Loftbehälter rondrëm dem Rumpf. Wann d’Schëff opgelaf ass, da konnts de déi opblosen an ënner Waasser drécke fir d’Schëff vun der Sandbänk opzehiewen, an zwar ouni et fir d’éischt mussen ze entlueden!


Dat kléngt awer ëmständlech ... huet et da funktionéiert?

Net wierklech! D’Erfindung ass ni ëmgesat ginn. Wahrscheinlech well et ze schwéier war fir d’Loftbehälter ënner Waasser ze drécken. Dem Abraham Lincoln säin Dram fir d’Schëffwelt ze revolutionnéieren ass also souzesoen an d’Waasser gefall!