Emissioun vum 29. MeeEisen Toaster gëtt erfonnt!

Den 29te Mee 1919 huet den Charles Strites den Toaster erfonnt, well en es sat hat verbrannten Toast z’iessen!

© Wikipedia

An dat Erstaunlecht ass dass den Toaster sech säit bal 100 Joer net vill verännert huet! Ausser vläit den Design!

Dat heescht deen huet och scho mat engem Timer funktionéiert an d’Brout ass erausgespronge wann et fäerdeg war?

Genee! Mee dat war emol nach guer net déi richteg Erausfuerderung. De Problem war, fir e Metall ze fannen, dat ënner elektrescher Spannung waarm genuch gëtt fir ze toasten, an zwar ouni a Flamen opzegoen, a séier genuch hëtzt ze liwweren fir den Toast ze baken , ouni ze verdréchnen. Et huet also fir d'éischt missen eng Metallmëschung aus Nickel a Chrome entdeckt ginn, ier d’Erfindung vun eisem Toaster iwwerhaapt méiglech war!