Flunkernews 05/17Penelope Gate, Dekreter, US Open, Autofestival a Sonnebrëll

Flunkernews 05/17 vum Serge Olmo


Penelope Gate:
Nieft dem Fillon senger Fra a senge Kanner déi fiktiv als parlamentaresch Assistenten geschafft sollen hunn, koum elo och d’Info eraus datt d’Botzfra vun der Famill e Loun krut als Assistentin vum Fillon an der Chamber. Do ass de Skandal net esou grouss well d’Madame wéinstens als Femme de Chambre ugemellt war…

Trump Dekreter: Bal all Dag gëtt nees e neien ënnerschriwwen. Scho bei der éischter Ënnerschrëft wou et jo géint den “Obamacare” goung, soten ganz vill Leit beim Trump Dekret Nummer 1: “Trump Décret un”…

Protektionismus: Direkt no den Australian Open gëtt sech gefrot, ob am Fall wou an de States de Protektionismus vum Trump esou unhält an Amerika sech weider zou mëscht, den ATP Tournoi vu New York, dem Trump senger Stad, an Zukunft nach US “Open” wäert heeschen?

Autofestival: D’Editioun vum leschte Joer war e grousse Succès. D’lescht Joer waren och esou vill Autoen wéi nach ni op eise Stroossen an et gouf esou dacks mat de Gäng geschalt wéi ni virdrun. Kee Wonner 2016 war jo e Schaltjoer…

Alkoholtester ufechten: Bei enger Policekontroll dinn ëmmer méi  Chauffeuren e Sonnebrëll un. Et huet sech erëm geschwat dat mat engem Sonnebrëll keen beim Blosen behaapten kann datt déif an d’Glas gekuckt gouf…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...