Flunkernews 26/17Wimbledon, Dopping, Dronen, Areesverbuet a Schoulfräi

Wimbledon: De Gilles Muller ass Tête de Série Nummer 16. Hien ass net gewinnt Tête de Série ze sinn. Hie wäert sech jo net mat engem Spectateur an d’Hoer kréien well d’Office bei sengem Match an der éischter Rei och een wäert sëtzen den op Plaz 16 gesat ass…

Scho nees Dopping: Scho virum Optakt vum Tour gouf jo den Doppingfall bekannt vum André Cardoso vun Trek. All déi Efforten déi si bei Trek gemaach hunn fir géint den Dopping ze kämpfen sinn elo am Eemer. Wahrscheinlech gouf dofir den „Eimer“ Zubeldia selektionéiert fir de Cardoso z’ersetzen.

TDF a Dronen: Et gouf jo matgedeelt datt keng Dronen dierfen iwwert d’Coureuren während dem Tour de France fléien. Di selwescht Iwwerleeungen gi sech och bei den Réiser Päerdsdeeg gemaach. Wann  ze vill Dronen géifen während de Kompetitioune fléien, da wier et jo en Hippodron.

Areesverbuet: Nieft dem Areesverbuet fir d’Awunner aus verschiddenen Muslimesche Länner plangt den Amerikaneschen President och verschidden Iesswueren op de Grenzen ze stoppen. Et ass nach net gewosst wat mä et ass sëcher emol Purée „Muslim“ dobei.

Schoulfräi: di Amerikanesch Ambassade komplimentéiert d’Gemeng Schengen, déi jo als Symbolgemeng steet fir Europa, datt si de Schüler de 4. Juli an zwar op Indépendance Day fräi gëtt…oder ass et vläicht wéinst dem Départ vum Tour de France??

Flunkernews 26/17



Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.