Flunkernews 27/17Bebepaus, Rakéiten, Depart, Sprinten a Sagan

Bebepaus: D'Mandy Minella huet jo zu Wimbledon annoncéiert, datt hatt schwanger ass. Et war um Tempel vum Wuess di ideal Plaz mat ze deelen, datt Nowuess kënnt. 

Fixéiert op Rakéiten: De Kim Jong Un wëll datt bei senge Rackéitentester alles ideal klappt. D’Uniforme vun den Zaldote mussen och stonnelaang gestreckt ginn, bis se perfekt sinn. Et geet jo och ëm „Laang Strecken“ Rakéiten… 

Grand Depart vum Tour zu Munneref: Ganz vill Leit waren do fir d’Coureuren unzefeieren an haaptsächlech eisen eenzege Lëtzebuerger, de Ben Gastauer. Am Fong war et quasi Mondorf-les-Ben. 

Geféierlech Sprinten: Et fält op, datt an de Stied wou den Tour am Sprint ukënnt d’Arrivée meeschtens op enger bekannter Plaz ass wou och eng Kierch an der Géigend ass. Et ass net fir näischt, datt et dann do och Masse-sprinte ginn.

TDF: Di 2. Etapp hat de Peter Sagan souverän gewonnen, obwuel hie während dem Sprint falsch an d’Pedalle getrëppelt war. Den Dag drop gouf hie vum Tour ausgeschloss, well hie carrement d’Pedalle während dem Sprint verluer hat.

D'Flunkernews 27/2017



Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...