Flunkernews 28/17Päerdsdeeg, Wëllef, Google, hellege Wuess an Trump Clan

Réiser Päerdsdeeg: Zejoert um Rock-a-Field war de finanzielle Bilan um Herchesfeld net gutt. Et goufen awer elo um Herchesfeld zu Réiser beim Reitevent schwaarz Zuele geschriwwen. No de Pertes-Deeg vum leschte Joer goufen et elo also Päerds-Deeg.

Wëllef bei eis: D’Leit fäerten, datt dës wëll Déieren si bäissen. Komescherweis war et grad zu Biss-en wou e Wollef gesi gouf an zu Leideleng wou d’Buergermeeschtesch Diane Bis-enius heescht.

Google Datazenter vläicht zu Lëtzebuerg: Déi mat Ofstand wichtegst Suchmachinn vun der Welt kënnt also vläicht bei eis. E Site um Rouscht ass ganz probabel. Dat ass verständlech fir e „Moteur de Rouschtcherche“…

2 Polemiken am Kontext Wimbledon: De Wuess war dëst Joer ganz ellen an d’Matcher, leider och dem Mulles seng, konnte nëmmen vu enger Minoritéit Leit gekuckt ginn, well nëmme Sky d’Rechter hat. Munchereen seet, datt d’Englänner d’Rechter un ee Sender ginn hunn, fir datt esou mann wéi méiglech Leit den ellene Wuess géife gesinn.

Russland Skandal Suite: 2016 am Juni ware Kontakter tëscht dem Trump sengem Clan an enger Russescher Affekotin. Well et am Juni war, ass de Verdacht direkt an Direktioun Tump' June-ior gaangen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...