Flunkernews 29/17Kouhandel, Bëschbränn, GSM Operateur, Biergetappen a Päerd

Revelatioun vum G20: Et koum elo kuerz eraus datt sech den Putin an den Trump zu Hamburg eng Kéier geheim getraff haten. Wahrscheinlech gouf et nees e Kouhandel tëscht deenen 2. Kee Wonner datt et Kouhandel gëtt tëscht Mos-Cow a Vache-ington.

D'Flunkernews 29 / 2017

Vill ze vill Bëschbränn: Haaptsächlech a Südeuropa sollen dacks waarm Zigarettestëmp schold dru sinn. A Frankräich kommen elo, fir op d’Gefor vun den Zigaretten hin ze weisen, op den Zigarettepäck, nieft schockante Fotoen vu schwaarze Longen oder schwaarzen Zänn, och elo Fotoen vu schwaarzen ofgebranntene Bëscher.

Et gëtt jo ëmmer besser: An der Türkei ass automatesch eng kuerz Usproch vum Erdogan ze héieren wann ee sech mat sengem Handy connectéiert. Wëll hien d’Leit beaflossen oder ass hien just  Receptionnist bei Vodaphone? Dat ass jo och méiglech well hien heescht jo Recep…

Biergetappen am Tour: Wat d’Bierger méi schwéier sinn wat méi Leit mat den Autoen erop fueren wat dat och méi CO2 Emissioune mat sech bréngt. Di schwéierst Bierger am Tour gi mat HC betitelt wat net, wéi di meescht mengen, «Hors Catégorie» heescht mä «Hydro Carbures» wéinst den giganteschen HC Emissiounen während dësen Etappen.

Scho nees e Päerdsfleeschskandal: Dës Kéier hunn sech, d’Produzenten déi Päerdsfleesch mat Rëndsfleesch vermëscht hunn, selwer verroden. Si hu nämlech den Tri de Pâtes mat Bolognaise Zooss Tiercé de Pâtes genannt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...