Flunkernews 30/17Bränn, Piloten, Evakuéiert, chinesesch Touristen an US Arméi

Bränn och bei eis : Dëst haaptsächlech well Heebotten ugestach goufen virun allem an der Gemeng Schengen; eiser bekanntster Gemeng wéinst dem Schengener Traîté. Wéinst den Heebotten déi brennen gëtt de Moment awer leider méi iwwert de Schengener Traît-Hee geschwat.

D'Flunkernews 30 / 2017

Prominenz a Bränn vun Botten a Bëscher: Vill Formule 1 Piloten wunnen jo wéinst de Steiervergënschtegungen zu Monaco net wäit ewech vun de villen Bëschbränn a Südfrankräich. D’Piloten ginn besonnesch elo an der Touristenzäit ganz vill ugemaach hoffentlech awer net den Mercedespilot Valtteri Bott-ass.

Groussherzoglech Famill: Gottseidank gouf dës an der Ëmgéigend vu Cabasson evakuéiert well et weess ee ni. De Grand-Duc ass zwar laut eiser Constitutioun inviolable, hien ass awer net ininflammable…

Touristen: Genee wéi an den anere Länner si ganz vill Touristen aus China och zu Lëtzebuerg. Si fotographéieren ganz vill. Et fällt op datt si vill di nei Tramsgare an d’Schinnen knipsen. Kee Wonner et si jo S-Chinesen…

Keng transgender Zaldoten an de States: De Trump huet nees  zougeschloen an huet den Transgender Leit verbueden an d’Arméi ze goen. Et wier gutt wa sech e puer amerikanesch Gouverneuren e bëssen vum franséische Gendarmes Modell géifen inspiréieren fir express eng Trans-Gendermerie an d’Liewen ze ruffen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn awer no enger Paus. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...