Flunkernews 31/17Eeeërskandal, Fouer, Big Ben, Ku Klux Klan an Dromedar

Eeër Skandal a ganz Europa: Grad an der Zäit, wou ganz vill iwwer déi frauduléis Eeër geschwat gouf, ware nees vill Blo Algen an der Musel. Béiss Zongen hu behaapt, datt d’Musel esou verknascht, war well Eeër mat Fipronil an d’Musel gehäit goufen.

Schueberfouer a Gewunnecht:
Muenchereen huet sech staark opgereegt, datt verschidde Buden oder Attraktiounen net méi op der Plaz stinn, wou se soss stoungen. Et war esouguer een immens opbruecht, datt d’Riserad net méi op der selwechter Plaz steet an hien et dowéinst bal net fonnt huet …

De Big Ben ass stomm: 4 Joer laang soll déi grouss Klack wéinst Renovatiounen net méi ze héieren sinn, wat d’Englänner enorm stéiert. Déi Deeg, wou déi Nouvelle koum, huet an de States den zolitten Conseiller vum Trump, Steve Bannon, misste vum Wäissen Haus fort goen. Hei wier ee frou, de Big Ban-non wier 4 Joer laang roueg.

Trump an Ku Klux Klan: Fir d’éischt hat de President, dee jo am Clinch ass mam Kim Jong Un, nom Attentat vu Charlottesville näischt géint déi traureg Rassisten gesot. Eréischt wéi ee vu senge Conseilleren him verklickert huet, datt de Ku Klux Klan nordkoreanesch kléngt, huet hien e bëssen eppes géint déi Rassisten gesot.

Dromedar-Skelett vu Mamer: D’Iwwerreschter aus der Réimerzäit si wichteg an d’Infrastrukturen op dem Site mussen gefërdert ginn. De Staatssekretär vun den Infrastrukturen ass elo gefrot. Et kann ee sech virstellen, datt de Site wou den "Dromedar" Skelett fonnt gouf de "Kaméil" Gira wäert sensibiliséieren.

D'Flunkernews 31 / 2017



Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...