Flunkernews 32/17Gläichberechtegung, Technik, Votten, Rentrée a Sanktiounen

Endlech méi Gläichberechtegung: D’Bibiana Steinhaus ass di éischt Damm déi an der Bundesliga e Match gepaff huet. Komescherweis war et d’Parti HERR-ta Berlin géint Werder Bre-MEN…

D'Flunkernews 32 / 2017

Technik an Intelligenz: Lëtzebuerg mécht bei engem Programm mat, wou d’Autoen ouni Chauffeur getest ginn. Déi technesch Apparater ginn ëmmer méi intelligent, wat net ëmmer gutt ass. D'Lescht war ech an engem "intelligente" Lift a wollt op de 4. Stack. Leider hunn ech 2 Mol op de Knäppche 4 gedréckt a sinn um 8. Stack gelant.

Wahlcampagne iwwer Facebook: D’Kandidate fir d’Gemengewahle maache vill Reklamm iwwer Facebook an dat klappt. Si kréie vill Promesses de Vote. Firwat wëlle si dës Promesse de Vote op hirem Facebook deelen, well dann hu si der jo nëmmen méi hallef esou vill oder?

Rentrée: D’Schüler an d’Studente fotograféiere sech an dëser Period ganz ganz dacks an hiren neie Klassesäll. Et ginn also enorm vill Säll-fië gepost.

Kim Jong Un a Sanktiounen: No den nordkoreanesche Provokatioune gëtt international decidéiert, näischt méi aus Nordkorea ze kafen oder dohin ze verkafen. Firwat et net ëmgekéiert maachen? Komm mer kafe vill nordkoreanesch Produkter haaptsächlech Waffen an Atomrakéiten; dann hu si se net méi …

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...