Flunkernews 33/17Wahlbüroen, Radar, Dubbel-Mixte, Merkel an Fondamental

Onkloerheet am Virfeld: Di 4 grouss Parteien; di Gréng, d’LSAP, d’CSV, an d’DP (Lëschten 1-4) si laut deenen anere bevirdeelegt, well d’Leit an de Wahlbüroe beaflosst ginn. Wann een um Wee ass fir an d’Wahlkabinn, seet de Responsabele vum Wahlbüro nämlech: «d’Eent w.e.g, oder d’Zwee w.e.g…». Schwätzt dëse vun der Kabinn oder vun der Lëscht?

Radar a Flamen: Zu Welfreng gouf d’Lescht e Radar ugestach. Am Ausland ass dat méi dacks de Fall. D’Fro stellt sech ob ee net am Code de la Route soll eng nei Infraktioun virgesinn. Nieft enger Strof fir «brûler un feu rouge» kéint een eng Infraktioun virgesinn fir «brûler un radar».

Dubbel-Mixte beim Tournoi op der Kockelscheier: Dëst mam Gilles Muller a mam Mike Scheidweiler. Eenzeg Konditioun datt d’Männer kënne matmaachen ass, datt si eppes Weibleches am Numm hunn. Dem Mulles säi Virnumm ka jo och fir e Meedche benotzt ginn a beim Mike Scheid-weiler ass jo och eppes Weibleches am Familljennumm dran…

Wahlen an Däitschland: Den türkesche President Erdogan mécht sech terribel an. Hien ass absolut géint d’Angela Merkel. Hie kann d’Merkel net gesinn an attackéiert och hire Physik. Am Private seet hie si wier vill ze déck. Et schéngt kloer ze sinn, den Erdogan huet léiwer Döner…

Pensionéierter zréck geruff: Am Primaire feelt d’Léierpersonal fir dës Rentrée. Den Educatiounsminister proposéiert pensionéiert Enseignanten ze rekrutéieren. Dat passt am Fong fir de Fondament-Al. Bei de Punkte geet et jo och net méi bis 60 firwat soll et da beim Alter bis 60 goen?

D'Flunkernews 33/2017

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...