Flunkernews 34/17Schoulpersonal, Tram, Jamaika, Marathon a Rakéiten

Wahlen a grousse Mangel beim Léierpersonal: Gutt datt d’Wahlbüroen an de Schoulen sinn. Wéinstens sinn den 8. Oktober emol eng Kéier méi wéi genuch Erwuessner an der Schoul.

D'Flunkernews 34/2017

Tram an Téitsch: Et gouf vill geschwat iwwert di Téitsch déi et gouf. Et ass awer normal datt et Téitsche ginn bei den Trammen an de Stiet well «Téitsch» vun hanne no vir «Stiet» gelies gëtt.

Koalitioun no de Wahlen: den Haapt Sujet bei de Wahlen an Däitschland war d’Kommen vun de Flüchtlingen aus dem Noen Osten oder Afrika. Et ginn awer quasi guer keng Flüchtlingen aus der Karibik. Fir dat ze änneren gëtt et wahscheinlech elo eng Jamaika Koalitioun.

Ganz vill Wieler bei den Bundestagswahlen Beim Berliner Marathon ass den éischten Däitschen nëmmen 37. ginn an hat eng schlecht Zäit. Dat ass de Beweis datt esouguer d’Leefer während dem Marathon wiele gaange sinn.

Rocket Man: Esou huet den Trump de Kim Jong Un betitelt. De Trump selwer huet e grousse Problem mat den Amerikanesche Sportler, haaptsächlech de Football Spiller an de Basket Spiller. Haaptsächlech hunn d’Houston Rockets de President ganz ferm attackéiert. Den Trump kinnt also ni e Rocket Man sinn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...