Flunkernews 35/17Wahlpanneauen, Personalmangel, Rakéiten, Katalounien a Päck

Fir all d'Frënn vu Wuertspillereien, Bonmoten an Aphorismen: Flunkernews vum Serge Olmo.

Wahlpanneaue bei de Gemengewahlen: Verschidde Leit soen, déi géife souwisou näischt bréngen. Datt ass absolut net wouer. Op d'mannst wëssen elo verschidde Leit, wéi hir Buergermeeschter, Schäffen- oder Gemengeréit ausgesinn.

Personalmangel an de Schoulen: Dëst bei der Rentrée esouguer och a verschiddenen Hondsschoulen. Den Ënnerscheed ass, datt si do keen Edu-Kater wëllen astellen ...

Sanktioune géint Nordkorea: De Kim Jong Un ass ëmmer méi isoléiert an ass frou fir alles, wat hie kann importéieren oder exportéieren u China. Just Rakéite wëll den "Rocketman" net importéieren, mä just exportéieren, well déi solle jo just an eng Direktioun goen.

Katalounien: No der Ried vum Kinnek géint d’Independance vu Katalounien sinn d’Separatisten entsat. Et gëtt dru geduecht, en 2. Vott ze maachen, mä dës Kéier iwwer Bréifwahl, fir d’Gewalt z’evitéieren. Mä d’Katalane wëllen awer op kee Fall en Timber, wou de Felipe 6. drop ass.

Amazon muss berappen: Ronn 250 Milliounen € muss de Megakonzern u Steiergelder nobezuelen. E Kolleg, deen um Steieramt schafft, léisst sech alles iwwer Amazon liwweren. Zanter déi Decisioun gefall ass, ass awer kee Pak méi ukomm. Hu si vläicht e Problem mat de Steierverwaltungen?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...