Flunkernews 36/17Crèche, Doudou, Wielerwëllen, Hollywood a Budget 2018

Fir all d'Frënn vu Wuertspillereien, Bonmoten an Aphorismen: Flunkernews vum Serge Olmo.

Flunkernews 36/2017



Privat Crèche zou gemaach:
Anscheinend ass dat de Fall well d’Wuelbefanne vun de Kanner a Gefor war. Do nuckelen se also net méi. 20 Kilometer dovun ewech ass d’Wuelbefannen vu ganz ville Kanner a Gefor wat Greenpeace Aktivisten gewisen hunn. Zu Cattenom misst och zou gemaach ginn a Schluss sinn mat der Nuckel-lear Zentral. 

Crèchen bei eis; Crèchen an de States: Et kann een esou lues fäerten wat an Amerika leeft. Wann een hei an eng Crèche geet da gesäit een datt d’Kënnercher mat hirem Doudou, Petzi oder Popp…sech leen ginn. An Amerika hunn ech Klenger gesinn déi och hiren Doudou an d’Bettchen matgeholl hunn; mä et war e Gewier.

Respekt vum Wielerwëllen? Op verschiddene Plazen huet een d’Gefill wéi wann dësen guer net respektéiert gouf. Et muss een oppassen net datt hei oder do e Buergermeeschter ernannt gëtt deen emol net op enger Lëscht war.

Hollywood ass op der Kopp: De Weinstein ass en lamentabelen Personnage mä et gëtt schonn dru geduecht e Film iwwert säi Liewen ze maachen. Fir di Roll ze spillen muss een schonn verschidde speziell Naupen hunn. Den Donald Trump ass de Wonschkandidat fir d’Haaptroll ze spillen.

Budget 2018: Et gëtt di lescht Deeg bei eis nëmmen iwwer Schäfferéit a Buergermeeschter geschwat. De Pierre Gramegna a seng Bugetspropos sinn definitiv ze kuerz komm. Hien hätt sech di Deeg der Press sollen presentéieren als "Budgetmeeschter".

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...