Flunkernews 38/17detachéiert, Wanterzäit, Weinstein, Wielerwëllen a Leader

Flunkernews 38/17



Polemik vun den detachéierten Salariéen:
Ufank der Woch sinn sech d’EU Länner hei zu Lëtzebuerg global eens ginn. Just am Fall vun de Camioneuren ass nach keng global Léisung fonnt ginn. Ass dat esou well dës sech iwwerhaapt net dierfen detachéieren?

Wanterzäit: A Spuenien geet tëscht de Katalanen an der Spuenescher Regierung guer näischt méi. Esouguer beim Verréckelen vun der Auer maachen d’Katalanen et anescht wéi d’Regierung et wëll. E Sonndeg um 3 Auer réckelen si d'Auer 23 Stonne no vir.

Ëmmer méi Victimmen vum Weinstein: Et gëtt ëmmer eng Victime vergiess an zwar dem perversen Produzent seng Fra. Dës huet sech endlech vun him getrennt. Hien huet hir jorelang wéi gedoen an Haren ugedoen. Schrecklech den Har-wéi...

Wielerwëllen: Zu Lenningen gouf de 5. gewielten Buegermeeschter. Et brauch een emol net a senger eegener Gemeng populär ze sinn fir Buergermeeschter ze ginn. Alles ass deemno dran. Mat e bësse Chance kann den Arnold Rippinger d’nächst Joer vläicht Premier ginn.

 

Eise Bob Jungels Leader beim Tour: Quick Step, dem Bob säi Sponsor, dee jo Parqueten produzéiert, huet Verschiddener am Staff a ronderëm d’Equipe, déi guer net frou sinn iwwer di fréi Annonce. Et gëtt och dru geduecht eng Plainte ze maachen géint den Sportlechen Direkter. Am Fong ass dat jo awer normal datt ronderëm de Parquet eng Plinthe kënnt.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

 
 

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.