Flunkernews 39/17Puigdemont, türkesch Autoen, Russia an 2 x Champions League

Flunker-News 39/17



Spill a virtuell Realitéit:
Zejoert huet quasi all Mënsch mat sengem Handy probéiert virtuell Monsteren ze fänken. Dës Woch ass an der Belsch een anert d’Spill ganz aktuell. Jidderee mengt hien hätt de katalanesche President gesinn a wëll hie fänken. D’Spill heescht Puigdemont Go…

Geschwënn türkesch Autoen: De President Erdogan huet annoncéiert, datt säi Land, an dem besonnesch d’Männer d’Autoen immens gären hunn, ganz geschwënn eegen Autoe wäert produzéieren. Dat louch op der Hand. D’Tierkei staamt jo aus dem fréieren Empire Auto-man.

Trump ëmmer méi am Schlamassel: Dat mellt di franséisch Press. D’Strooss an och den CIA sinn ëmmer méi der Meenung datt et Kontakter gouf tëscht dem Kreml an der Trumpequipe. «Rue an CIA» zesummen dat gëtt och «Russia» gelies.

Allerhellgen: Och op Allerhellgen gouf Fussball gespillt an der Championsleague. Gutt datt Tottenham net mat Manchester an enger Grupp ass, soss hätt een uewen um Ecran
TOT-MAN gesinn.

Luxair a Leipzig: D’Equipe vu Leipzig war mat engem Luxair Fliger op Porto geflunn fir hiren Championsleague Match. Beim Retour gouf et grousse Retard, well de Kopilot vun der Luxair krank war. Et hat esou laang gedauert, datt di Däitsch Equipe e Moment wollt op den Zuch ëmklammen. Dat géif am Fong bei Leip-zisch passen.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...