Flunkernews 06/19Poopstrees, Superbowl, Schwaarzmaart, Tankstell a Grippewell

Flunkernews 6/2019 vum Serge Olmo



Poopst an de Vereenegten Arabeschen Emirater:
De Poopst gëtt déi lescht Zäit ganz vill mat Abusen an der Kathoulescher Kirch konfrontéiert. Dëst och bei senger Rees an den Emirater, dowéinst war een iwwerrascht datt di gréisst Masse wärend senger Rees grad zu Abus Dhabi war.

Megaevent: De leschte Sonndeg an der Nuecht war virum- a nom Mega Concert vum Adam Levine senger Band och e Football Match. Et huet definitiv zu der Aktualitéit vun de States gepasst. Et gëtt jo quasi nëmmen iwwert dem Trump seng Mauer geschwat déi e Shutdown vu 5 Wochen mat sech bruecht huet. Dofir och de Concert vun Mauer-oon 5.

Geschwënn kee Cannabis Schwaarzmaart méi: Fir Stoff ze kréien muss ee beweisen datt ee Resident ass zu Lëtzebuerg. D’Leit déi aus dem Ausland kommen wäerten onbedéngt wëllen e «Certificat de Résidence» opdreiwen. Et wäert keen Cannabis Schwaarzmaart méi ginn mä e Schwaarzmaart fir e Certificat de Résidence ze kréien.

Wéineg Elektroautoen um Festival verkaf: Dat huet bestëmmt näischt mat den Autoen ze dinn mä mat den Tankstellen. D’Leit kafen Benzin- oder Dieselautoen fir kënnen op d’Tankstell ze goen wou een alles ze kafe kritt. D’Elektroautoen mussen bei enger fauler Borne geluede ginn. D’Borne missten un engem Automat ze fanne sinn wou een och kinnt, wéi op den Tanstellen, Brout, Uebst, Zeitungen answ. kafen.

Pic vun der Grippewell: Et sinn esou vill Leit déi de Moment bei d’Doktere ginn datt dës net méi nokommen a dës einfach nëmmen Attester schreiwen fir d’Schoul oder d’Aarbecht. Kinnt een dat net maachen wéi bei den Apparater wou een mat engem Code aner Schäiner kritt? D’Leit géifen dann bei den CNS Büroen Schäiner an zwar Krankeschäiner aus dem Krankomat huelen

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...