FlunkernewsBest-of 2016: Deel 1/2

Déi bescht Wuertspillereie vum Serge Olmo aus dem Joer 2016.

Waffeproblemer op der Fouer: Bei verschiddene Forainen haten d’Autorisatioune gefeelt an op engem Schéissstand hat de Proprietär esouguer kee Waffeschäin. Et huet ee sech gefrot, ob den Nopeschstand, dee Gaufrë verkaf huet, iwwerhaapt e Waffelschäin hat? 

Radaren ganz dacks am Gespréich: Am Mäerz war an der Suessemer Gemeng eng Biergerversammlung a Präsenz vum Minister François Bausch. No der Versammlung waren d’Bierger vu Suessem berouegt a soten: "Gottseidank kréie mer eng Untersuchungshaft, mer hate scho gefaart, mer kriten e Radar …"

Wantertrève: A ville Länner gëtt et vum 1. November bis den 15. Mäerz e Verbuet fir d’Famillen z’expulséieren. Ass dat och an den USA de Fall ? Well da kéint den Obama vläicht méi laang am Wäissen Haus bleiwen.

D’Sondagen a Fro: Genee wéi beim Brexit waren d’Prognosen bei den US Wahlen komplett falsch. D’Sondage Instituter wieren sech a soen d’Wahlen wieren op engem Donneschdeg respektiv Dënschdeg gewiescht a si si jo awer spezialiséiert op d’Sonndesfro.

Journalisten gi verfollegt: An der Türkei ginn esouguer déi Journaliste festgeholl déi kulinaresch Artikelen schreiwen, haaptsächlech iwwert fetteg Platen oder Menuer mat ville Kalorien, dëst well di Artikelen fir den Erdogan géint de Regime sinn.

Entwäertung: Nom Brexit haten di placéiert Suen fir eng Zäit ëmmer méi u Wäert verluer, haaptsächlech a Groussbritannien, awer och bei eis. Ee Moment hat ee gefaart datt di eenzeg, déi nach Suen op der Säit hätten, déi wieren, déi direkt nieft engem Bankomat wunnen.

Dem Fisc net deklaréiert: McDonald’s huet zanter 2008 e Benefice vu ronn 1,8 Milliarden  Dollar realiséiert. Et goufen vill vill manner Suen der Steierverwaltung deklaréiert. Dat wat am Meeschten erabréngt sinn also net onbedéngt d’Hamburger, d’Cheeseburger oder d’Fishburger mä éischter d’Fisc-burger.

Brangelina Scheedung: Et waren esou vill Leit traumatiséiert vun der Trennung vu Brad Pitt an Angelina Jolie datt den Datum vun der Scheedung riskéiert en historeschen Datum ze ginn. D’Attentater vun den Twin Towers waren zum Beispill 15 Joer virun der Brangelina Scheedung an d’Enn vum 2. Weltkrich 71 Joer virdrun.

Horror Clownen Attacken: Besonnesch an den USA hate virun Halloween esou arméiert Personnagen d’Leit ugegraff. No dëse Virfäll kann et gutt sinn, datt an Zukunft an de States d’Verkleede reglementéiert wäert ginn, esou wéi wahrscheinlech och d’Schmink fir Fuesent oder Halloween. D’Waffe bleiwen awer méi wéi sécher am fräien Handel…

Staatstrauer op Kuba: D’Autoritéiten haten 9 Deeg Staatstrauer fir de verstuerwene Líder Máximo annoncéiert. Op d’Fro, firwat grad 9 Deeg, ass d’Explikatioun: Ma well de Fidel Castro déi lescht Joer ëmmer Trai9skostümmer unhat.

Up and Downs nom Brexit: Grad den Dag wou den Zlatan Ibrahimovic annoncéiert hat op  Manchester United ze wiesselen goung d’Bourse nees an d’Luucht. Dat huet de net grad bescheidenen Zlatan dozou bruecht ze soen datt nodeem Groussbritannien Europa verlooss huet, huet den Zlatan Groussbritannien opgeholl.

Jogi erwëscht: Den Däitschen Nationaltrainer Löw hat sech op der EM ferm blaméiert wéi hien sech während dem éischten Match an d’Box gefuer war. Et gouf während dem Tournéier och vill iwwer di aggressiv Supporter geschwat. Bei senger Aktioun wollt de Löw och kucken wéi et wier mat den Hooli-gäns.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...