FlunkernewsBest-of 2016: Deel 2/2

Déi bescht Wuertspillereie vum Serge Olmo aus dem Joer 2016.

Reform vun de Radar-Protokoller: Ganz vill Leit goufe wéinst vill ze héijer Vitesse geblëtzt an hu 4 Punkten um «Führerschäin» verluer. Ouni déi 4 Punkten ass et fir si e «Fuhrerschain».

Waffen an den USA: Anscheinend si sech d’Demokraten an d’Republikaner eens. Esouguer de President Obama ka mat der neier Iddi liewen. D’Waffe sollen an Amerika an Zukunft am fräien Handel bleiwen, allerdéngs soll verbuede ginn, Munitioun fräi ze kafen. 

Flunkernews Best Of - Deel 2

A wat elo? Den Donald Trump sot jo, hie géif eng enorm Mauer op der Grenz zu Mexiko opriichten, fir d’Immigratioun aus dem Land ze stoppen. Et ass widderspréchlech, well fir esou eng kolossal Mauer ze bauen, mussen d’Amerikaner vill auslännesch Aarbechter engagéieren a wahrscheinlech vill Leit aus Mexiko komme loossen …

Kierchefabricken a Finanzen: D'Proprietéite vun de Pore solle jo an e gemeinsame Fong kommen. Et gëtt och gesot, datt dat ganzt Geld an eng Zort Koffer soll a Sécherheet bruecht ginn. Et wier dat wéi e Bankomat, wou ee Borgeld ophieft, mä e géif «Bistumat» heeschen an et kéint een «Por-Geld» ophiewen.

Politesche Kleesche-Gate: De Marc Spautz sot jo, datt a verschiddene Schoulen de Kleeschen net wëllkomm wier. Et kann zwar sinn, datt den CSV-Politiker Recht hat, well wéi ech Ufank Dezember an enger Schëfflenger Schoul wollt an eng Versammlung goen a geschellt hunn, gouf ech gefrot, éier ech d’Dier opgemaach krut, ob ech dann och wierklech net de Kleesche wier …

Buch mat de Familljennimm: No enger Etude vun der Uni.lu ass deen Numm, deen di meescht Famillen zu Lëtzebuerg hunn, keng Iwwerraschung. Vu datt et ëm d’Fa-mille geet, huet dësen och eppes mat enger Millen ze dinn. Dëse meescht verbreete Numm ass nämlech Müller.

Luxleaks-Prozess: Virum 1. Prozess haten di gréng Europa-Deputéiert, ënner hinnen och de Lëtzebuerger Deputéierten, d’Whistlebloweren an engem Schreiwes verdeedegt. Am Haaptugekloten Deltour sengem Numm ass jo d’Wuert „Tour“. Kee Wonner, datt eisen Deputéierten Turm-es sech him no fillt. 

Weltfraendag: Den Dënschdeg 8. Mäerz gouf ganz vill iwwer den aktuellen internationale Fraendag geschwat a geschriwwen. Gutt, datt et net um Méindeg war, soss wier et e Mann-day gewiescht.

Allerhellgen: Dee Weekend gouf op der däitscher Tëlee de Premier-League-Match Tottenham géint Leicester gewisen. Dat huet effektiv un “Tot a Leiche” erënnert, wéi uewen um Ecran TOT-LEI stoung.

Uli Hoeneβ, de Retour: Den Dirigent vum däitsche Rekordchampion Bayern München hat sech 2014 no senger Veruerteelung zréckgezunn, well hie wéinst Steierhannerzéiung hat missen an enger Prisongszell sëtzen. Elo ass hien nees op de Presidentestull komm, grad wou den Trainer vun de Bayern An-d’Zell-otti heescht.

Congé Collectif: Am August war jo de Congé Collectif zu Lëtzebuerg ënner anerem um Bau wou ganz vill portugisesch Aarbechter aktiv sinn. Dës hate sech jo am Juli enorm gefreet, wéi d’Seleção d’EM gewonnen huet. Et gouf während dem Congé Collectif manner vun Europameeschterschaft geschwat wéi vun «Europameeschter schafft net».

Comeback a Wäissrussland vun de Roude Léiwen: Beim 0-2 zejoert a Wäissrussland war virun allem de rise Skandal vun der rouder Zooss hänke bliwwen, well vill Spiller deemools grouss Daarmproblemer haten. Dëst Joer gouf et gudden 1-1 dohannen. D’Defense war gutt an et hat am Oktober 2016 kee Spiller Duerchfall. D’Spiller hunn definitiv hanne gutt zougemaach. 

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...