Flunkernews 01/17Pressefräiheet, Lotto, Telefonéieren, Knupperten an Queen

Friddensprozess a Syrien: D’Türken an d’Russen probéieren dësen op d’Been ze kréien. Dëst versprécht och fir d’Press. Dat gëtt bestëmmt e Modell vu Pressefräiheet. Et gëtt driwwer geschwat fir de Pressenzenter direkt an engem Prisong vir ze gesinn.

Flunkernews 01/17 vum Serge Olmo

Lotto an de Nördlechen Länner: Bei eis ass et jo scho kal mä dat ass näischt am Verglach zu de Nördleche Länner. D’Glécksspiller sinn dohannen ähnlech wéi bei eis ausser datt beim Lotto d’Zuelen vum leschten Tirage zum Beispill -7, -12, -16… waren.

D’Telefonéieren um Stéier: Natierlech ass dat zimlech geféierlech mä de Moment mat de Konditiounen dobaussen, an haaptsächlech moies op de glaten Trottoiren, ass d’Telefonéieren beim Trëppelen vläicht nach méi geféierlech wéi beim Fueren; mä doriwwer schwätzt keen…

Freedefeier op Silvester: D’Déieren fäerten enorm wann dës geschoss ginn a besonnesch d’Hënn well hir d’Gehéier ganz sensibel ass. Firwat ginn dës Feierkierper op Silvester dann Knuppert-hënn genannt?

Leider krank: D’Queen war jo Chrëschtdag an da fir Silvester wéinst Krankheet net bei den Feierlechkeeten presente. D’Britten fäerten richteg fir hir Kinnigin an wënschen hir nëmmen dat Bescht. Et gëtt ee komesch ugekuckt wann een den Englänner seet: «Mer halen der Queen d’Die-mecher».

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...