Flunkernews 04/17Bieles 2017, Fillon, Mauer, Friddenskonferenz a Festival

D'Flunkernews 04/17 vum Serge Olmo



Bieles 2017:
Ee Moment sollt den Numm geännert ginn. Di Leit déi ëmmer op de Circuite sinn fir d'Cyclocross WM sinn haaptsächlech Hollänner a Belsch déi dacks gäre vill Béier drénken an dës waren e bëssen erféiert wéi si gelies hunn et wier "Beerless 2017"…

Fillon an engem Skandal: De Kandidat vun “Les Republicains” gëtt vum Canard Enchaîné accuséiert, datt seng Fra eng Pai krut fir eng fiktiv Aarbecht. Grad deen Dag gouf d’Vullegripp op engem Bauerenhaff a Südwest Frankräich confirméiert an dausende Gänse goufen do eliminéiert. Ech mengen deen Dag hätt de Fillon am Léifsten och eng “Gäns” méi eliminéiert. 

Trump wéi gefaart: Et trëtt leider an wat annoncéiert gouf. Den Trump wëll eng Mauer bauen op der Grenz zu Mexiko an hien huet nach vill aner geféierlech Aussoen gemaach. Trotzdem geet et der Bourse zu New York esou gutt wéi nach ni. Ass et well eng Mauer gebaut gëtt, datt et der Wall Street esou gutt geet?

Syrien Friddenskonferenz zu Astana: D’Türken an d’Russen déi am Kasachstan dobäi waren hu Presidenten déi net grad bekannt si fir demokratesch virbildlech ze sinn. Et ass donieft och net ganz berouegend fir di zukünfteg Prisonéier, datt den Internetcode vun dem Land .kz ass.

Autofestival: Während dem Festival maachen d’Garagen awer och d’Banke ganz gutt Affären. Obwuel d’Banken sech ëm alles këmmeren, wat op der Strooss lass ass, schwätzt kee bei engem Kreditinstitut an dëser Period vu Bank-Route.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...