Serie Sozial Hëllefsmesüren: Hëllef fir déi Jonk

"Sozial Hëllefsmesüren": Am Kader vun eiser Serie huet d'Corinne Folscheid d'Hëllefsmesüre fir d'Schüler ënnert d'Lupp geholl.

Et ginn dräi verschidden Zorte vu Subsiden, erkläert Directrice vum CPOS d'Antoinette Thill-Rollinger.

Déi éischt Kategorie viséiert Schüler vu 7ième bis 13ième respektiv 1ière.

Eng zweet Kategorie ass fir Kanner, déi am Ausland an der Schoul sinn, do souwuel am Primär wéi am Secondaire.

An eng drëtt Kategorie vu Subsiden ass fir Jonker iwwer 18 Joer, deenen hir Familljesituatioun extrem schwiereg ass, des kréien da s Subside vir alleng kënne wunnen ze goen.

Eng Assistante Sociale bekëmmert sech duerno ëm de Suivi.

An der Moyenne notéiert de CPOS all Joer ëm déi 150 Demandë vu jonke Leit déi wëllen alleng wunne goen, an der Majoritéit sinn et jonk Fraen.

Wat lo d'Subside betreffe fir Schüler am Enseignement Secondaire, notéiert de Centre de Psychologie d'Orientation Scolaire all Joer ëm déi 4.500 Demanden, mat Tendenz no uewen.

D'Hëllef ass ëmmer dem Akommes vun den Elteren no gestaffelt. De Maximum läit bei 33.000 Euro Joresakommes.

Sou wéi d'Regierung et annoncéiert hat, ginn d'Hëllefe vun der nächster Schoulrentrée un e gudde Krack an d'Lut, betount d'Anne Stein, zoustänneg beim CPOS fir d'Subsiden. Des louchen ëmmer tëscht 200 a 600 Euro. Mëttlerweil sollen se scho bei 500 Euro ufänken.

Nei ass och dat vun der nächster Rentrée un, déi Jonk vun engem Akafsbong kenne profitéiere, fir hier Schoulbicher ze kafen.

Des supplementar Hëllef läit bei 300 Euro a gëtt fir déi nächst Schoulrentrée eng éischte Kéier ausbezuelt. Déi eenzel Hëllefe ginn ëmmer iwwert déi verschidde SPOS'en an de Schoulen ugefrot, betount d'Antoinette Thill-Rollinger.

Weider Informatioune ginn et och um Internet op cpos.lu



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.