RTL-Summerserie (2): Wat mécht ... de Jean Spautz?

De ganze Summer iwwer schwätzt Radio Lëtzebuerg eemol d'Woch mat Leit, déi laang an der Ëffentlechkeet stoungen an ëm déi et elo bësse méi roueg ginn ass.

© Wikipedia

De Jean Spautz war Joerzéngtelaang gewerkschaftlech a politesch aktiv, zum Beispill als Minister, als Chamberpresident an als Europaparlamentarier.

Virun 3 Joer huet en dunn op senger leschter politescher Statioun zu Stroossbuerg d'Pensioun geholl. Mir hunn hien dëser Deeg besicht, fir ze froe wéi et him a senger Pensioun geet a wat e mat senger fräier Zäit mécht ...

 AUDIO: De Reportage vum Lynn Gaspar op RTL Radio Lëtzebuerg. »


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.