70 Joer Generalstreik: En Témoignage vum Jos Steichen

Viru 70 Joer huet dem Jos Steichen seng onbeschwéiert Jugend een abrupt Enn fonnt...

De leschte Weekend stoung jo am Zeeche vun den Erënnerungen un d'Aféierung vun der Wehrpflicht ënner den Nazi an dem Generalstreik viru 70 Joer hei zu Lëtzebuerg. Op dësem Dag hate vill Bierger sech géint den Naziregim gewiert, an eng sëlleche vun hinnen hunn dat mat hirem Liewe bezuelt.

Déi traureg Zäite sinn haut besonnesch interessant, wann een déi ganz Jonk mat Leit vun deemools schwätze léisst. D'Nathalie Entringer goung fir eis de Jos Steichen besichen. Hie koum den 1. September 1942 an d'Doudeszell an där berüchtegter Villa Pauly um Boulevard de la Pétrusse.

 AUDIO: D'Nathalie Entringer huet mam Jos Steichen geschwat. »