« Déi Jonk si meng Frënn »200. Anniversaire vum Don Bosco

Portrait vun engem aussergewéinleche Personnage, dem Don Bosco, deen de 16. August 1815 op d’Welt komm ass.

« Frou sinn, guddes maachen an d’Spatze päife loossen », dat war dem Don Bosco säi Liewensmotto
Hien ass Paschtouer, mä hie kann och zauberen an Akrobatik-Stécker op engem Seel maachen. Hie spillt Foussball mat de Kanner a kann och päifen. « Frou sinn, guddes maachen an d’Spatze päife loossen », dat war säi Liewensmotto. Riets geet vum Don Bosco, dee viru genee 200 Joer an Italien op d’Welt komm ass. Säi ganzt Liewen huet hie sech fir aner Kanner a jonk Mënschen agesat. Dofir ass den Don Bosco am Joer 1934 vum Poopst Pius XI. helleg gesprach ginn.
 
De « Papp a Léiermeeschter vun der Jugend » ass zu Lëtzebuerg net esou bekannt, mä an Italien gëtt hien als grousse Sozialapostel gefeiert. De 16. August 1815 ass den Giovanni Bosco an engem klengen Duerf bei Turin am Piemont op d’Welt komm. Hien huet als klenge Jong ganz fréi säi Papp verluer an huet missen doheem matschaffen. Eréischt mat 9 Joer huet de spéidere Geeschtleche schreiwe geléiert – beim Paschtouer um Nopeschduerf wou hien all Dag ze Fouss higaangen ass.
Mat 9 Joer huet hien och gedreemt, spéider eng Kéier deenen aarme Kanner ze hëllefen.  Hie war ëmmer gutt gelaunt, an am Lycée huet hie mat senge Kollegen, de « Club der Fröhlichen » gegrënnt. Als Kand huet den Giovanni Bosco kleng Zaubertricker gemaach an och spéider als Jugendlechen huet hien en etlech Zirkusnummere beherrscht.
Am Alter vun 20 Joer léiert den Giovanni Bosco fir Paschtouer.
 
« Kanns Du päifen ? »
 
Am Wanter 1841 kënnt et zu engem Schlësselerliefnes fir dee jonke Paschtouer.  
An der Sakristei vun enger Kierch zu Turin huet den Don Bosco grad säi Massgewand ugedoen, wéi en op eemol e fuerchtbart Gejäiz héiert. De Koschter war am gaang e Jong Schëmmel a Bless ze vernennen, deen am Eck vun der Sakristei stoung. De Koschter wollt datt hie géif d’Mass déngen, mä de Jong sot, hie kéint dat net, hien hätt dat nach ni gemaach. « Du Iesel », jäizt de Koschter « wann s Du net d’Mass dénge kanns, wat méchs Du dann hei an der Sakristei ?». De Koschter huet vu Roserei mat der Kierbiischt op de Jong ageschloen. Dunn ass de Don Bosco dertëschent gefunkt a sot : « Wat leeft hei, firwat schléis du dee Jong ? ». « Geet dat Iech eppes un, Don Bosco ?», freet de Koschter. « Jo », äntwert de Paschtouer, « well dee Jong ass mäi Frënd ».
De Jong war ganz dreckeg, a wahrscheinlech hat en sech net getraut mat deene fei gekleete Leit an d’Kierch ze goen. Dunn huet en sech an der Sakristei verstoppt. Den Don Bosco huet e gefrot : « Waars Du haut schonns an der Mass ? »  « Nee », sot de Jong ganz ängschtlech. « Da komm mat, an no der Mass, kënns Du bei mech, well ech muss Dir eppes soen, wat Dir Freed maache wäert ».
No der Mass ass de Jong wierklech bei den Don Bosco komm. « Wéi heeschst Du da mäi léiwe Frënd ?» - « Bartolomeo Garelli » - « Wat schaffs Du ? » - « Ech si Maurer » - « Wéi al bass Du ? » « 16 » - Hien erzielt dem Paschtouer datt seng Eltren schonns gestuerwe sinn. « Kanns du schreiwen ? », freet den Don Bosco de Jong – « Nee » - « Kanns Du sangen » - « Nee » - « Kanns Du päifen ?» - Elo laacht de Bartolomeo – dat ass dat wat den Don Bosco wollt héieren – a si fänken un Frënn ze ginn.
Du freet den Don Bosco de Bartolomeo, ob e schonns d’Kommioun gemaach huet. « Nee » - « Wëlls Du dann net an de Kommiounsunterrecht goen ? » - « Ech traue mech net, well ech fäerten datt déi aner Kanner, déi jo vill méi kleng sinn wéi ech, mech auslaachen », seet de Jong ganz traureg. « A wann ech Dir ganz eleng géif Kommiounsunterrecht ginn, géifs Du da kommen ?» - « Jo » - « Kënne mer direkt ufänken ? » - « Mat Freed ! », äntwert de Bartolomeo Garelli.
Hie krut Kommiounsunterrecht, an den Don Bosco huet duerno de Jong gefrot : « Kënns Du en nächste Sonndeg erëm ? » « Gären ».  « OK, mä komm net eleng, bréng nach Kollegen mat ».
Dee Sonndeg drop sinn 8 Jongen mam Bartolomeo mat an d’Sakristei komm : de Bartolomeo huet senge Kollegen vun deem Paschtouer erzielt, deen och päife konnt !
Dëst Erliefnis deklinéiert déi ganz Astellung vum Don Bosco zu de Jonken.

Logo vum 200. Anniversaire vum Don Bosco, deen op engem 16. August op d’Welt komm ass

 
Vum klenge Bartolomeo bei e weltwäit Netzwierk
 
Ëmmer méi Jonker komme bei den Don Bosco. Bal sinn et schonns 400 Kanner a Jugendlecher. Dem Don Bosco säin « Oratorium » ass gebuer, wou hien d’Kanner liesen a schreiwe léiert, a wou si am Glawen erzu ginn. Et ass awer och eng Plaz, wou d’Kanner mateneen spille kënnen. Den Don Bosco léiert, spillt, ësst a bied mat de Jonken, déi hien als seng Frënn bezeechent.
1859 grënnt den Don Bosco d’Gesellschaft vum Hellege Franz vu Sales – dofir nennt een d’Membere vun där Communautéit och Salesianer -, eng reliéis Gemeinschaft, déi sech em Kanner a jonk Mënschen këmmert, déi keng oder bal keng Zukunftsperspektiven hunn. Aus där Gemeinschaft sinn Don Bosco Wierker entstan, dee weltwäit gréisste Prestataire a Saache Bildung.
Haut ginn et Dausende vun Don Bosco-Patren an Schwësteren, déi sech em Kanner an 132 Länner op der Welt këmmeren – dorënner vill Kanner, déi op der Strooss liewen, déi keng Eltere méi hunn an déi näischt z’iessen hunn. Eng 16 Milliounen Jonker gi vun deem Klouschteruerden weltwäit betreit, deen den Don Bosco gegrënnt huet.
Nach zu Liefzäite vum Don Bosco sinn an Europa a Latäinamerika Strukturen nom Modell vu sengem éischten « Oratorium » zu Turin-Valdocco entstan. Aus der Improvisatioun mam Bartolomeo Garelli ass eng riseg Institutioun ginn. En etlech Schüler vun him sinn dann och a säi Klouschteruerden agetratt fir selwer d’Erzéiung vun aneren ze iwwerhuelen.

« Den Don Bosco huet erkannt, datt déi Jonk d’Protagonisten vu muer sinn, sou de Jean-Paul Muller, Generökonom vun de Salesianer Don Bosco (Foto : Jean-Paul Muller vum Marc Jeck)

 
Den Don Bosco schreift engem Lëtzebuerger Paschtouer
 
Och wollt de Lëtzebuerger Paschtouer a Recteur vum Weesenhaus zu Rodange Nikolaus Gloden (1836-1892), datt dem Don Bosco säin Uerden géif den « Orphelinat » zu Rodange, dee finanziell a schlechten Dicher war, iwwerhuelen. An engem Bréif un de Lëtzebuerger Geeschtlech soll den Don Bosco bedauert hunn, seng Zelter net am Grand-Duché kënnen opzeschloen, « da es im eigenen Vaterlande Italien noch mehr zu übernehmen gäbe, als er aufzugreifen imstande sei », sou liese mer an der Lëtzebuerger Presse. Eréischt am 20. Jorhonnert wäerten dem Don Bosco seng Salesianerbridder sech zu Dräibuer néierloossen an do eng Erzéiungsanstalt fir Laiebridder grënnen – besonnesch waren d’Theateropféierungen vun den Don Bosco-Pateren virum 2. Weltkrich ganz beléift.
Wéi och ëmmer, den Bosco huet am Zäitalter vun der Industrialiséierung, wou Technik a Fortschrëtt net nëmmen guddes bruecht hunn, an Italien jonke Mënschen Hoffnung geschenkt. Am Krees vu senge Matbridder stierft den Don Bosco den 31. Januar 1888 zu Turin. Säi Graf befënnt sech an der Basilika Maria Ausiliatrice am Turiner Staddeel Valdocco.
De Generalökonom vun de Salesianer Don Bosco ass iwwregens e Lëtzebuerger, de Jean-Paul Muller, dee säit 2011 zu Roum lieft a schafft. « Den Don Bosco huet erkannt, datt déi Jonk d’Protagonisten vu muer sinn, sou de Jean-Paul Muller, deen d’Salesianer als « Dolmetscher vun der Jugend » bezeechent. « Don Bosco heute, das sind Millionen Menschen auf diesem Erdball, die mal mehr, mal weniger aktiv sind, um Licht ins Dunkel zu bringen, um Hoffnung gegen die Trauer zu setzen und um Mut zu machen, wo andere aufgeben.“, so huet hien et am Kader vum 200. Anniversaire vum Don Bosco formuléiert.
 
Méi iwwert den Don Bosco a säi Wierk kann een noliesen um Site : www.donbosco.de

« Kanner sinn d’Freed vum Härgott », sou den Don Bosco, dee vum Poopst Pius XI. Als e « Ris un Hellegkeet » genannt gouf (Foto : Kinder sind…vum Marc Jeck)