FlüchtlingsdramaEng Analys vum Professer Harlan Koff

"De Problem geet wäit iwwert den aktuellen humanitäre Misär eraus", seet de Politolog a Migratiounsexpert op der Uni Lëtzebuerg.

Ungarn mécht seng Grenzen en Dënschdeg komplett zou fir Flüchtlingen. Däitschland huet um Sonndeg un der Grenz mat Éisterräich nees temporär Grenzkontrollen agefouert, fir de Flux vu Refugiéë besser geréieren ze kënnen an en europäeschen Accord fir d'Opdeele vun den op mannst 160.000, zum Groussdeel syresche Flüchtlingen, déi schonn um europäesche Kontinent sinn, léisst nach ëmmer op sech waarden.

D'EU ass sech an der Fro, wéi ee mat dëse Mënschen, déi Hëllef brauchen, ëmgoe soll, net eens a kritt esou op en Neits hir Limitten opgewisen. De Problem geet awer wäit iwwert den aktuellen humanitäre Misär eraus, seet de Politilog a Migrationsexpär Harlan Koff, deen zënter 2006 op der Uni Lëtzebuerg schafft.

De Yann Logelin huet mat him geschwat.

14/09/2015 De Politolog Harlan Koff iwwert d'Flüchtlingskris