FlüchtlingskrisLëtzebuerger Archeologie-Student hëlleft am Irak

De Juan Aguilar studéiert Archeologie an ass Member vun enger archeologescher Missioun, déi regelméisseg zu Sulaimaniyya am Nordirak Ausgruewunge mécht.

Zanter zwee Joer fiert de Juan Aguilar all Spéitsummer fir e puer Wochen dohinner an huet sech antëscht do agelieft. Zanter den Islamesche Staat sech am Irak etabléiert huet ass, d'Stëmmung am Land immens gespaant, vill Leit hunn Angscht, ma halen trotz allem zesummen.

Hëllef fir Flüchtlingen am Irak



Virun engem Joer huet de Juan während enger Missioun eng Hëllefsaktioun lancéiert, well net wäit ewech vun hirem archeologesche Site och e grousse Camp ass, mat op d'mannst 18.000 Flüchtlingen, déi hir Heemecht hu misste verloossen.

Kuerz drop huet hien d'ASBL Aid and Support Association, for those Expelled by Islamic State Hostilities gegrënnt an zanterhier Sue gesammelt, fir de Leit op der Plaz ze hëllefen.

E gravë Problem ass ënnert anerem d'Feelernährung vu Puppelcher a klenge Kanner, si brauche Mëllechpudder a Medikamenter, an dofir ka jidderee solidaresch sinn a mat engem Don hëllefen.

Um Samschdeg tëscht 16 a 17 Auer zielt eis de Juan Aguilar op Radio Lëtzebuerg nach méi iwwert dat, wat e bis elo am Irak erlieft huet, respektiv och wat seng weider Projete sinn, fir de Leit op der Plaz ze hëllefen.

Lëtzebuerger am Irak



www.facebook.com/asaeish

Aid and Support Association
for those Expelled by
Islamic State Hostilities a.s.b.l.
(A.S.A.E.I.S.H. a.s.b.l.)

IBAN: LU81 1111 7032 9545 0000
BIC: CCPLLULL
Banque: Entreprises P et T Luxembourg
Bénéficiaire: A.S.A.E.I.S.H. a.s.b.l.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.