TémoignageLëtzebuerger am Asaz am Flüchtlingscamp zu Calais

Mënschen an Nout brauchen Hëllef ! Dat hu mir eis zu 4 bei Young Caritas geduecht : d’Sabrina Pinto, den Tom Lutgen, de Moreno Berardi an de Paul Galles.

Mir si fir 1 Woch an eiser Vakanz bzw. eisem Congé op Calais gefuer, fir Caritas Frankräich an hirer Missioun bei de Flüchtlingen ënner d’Äerm ze gräifen. Wat mer erliewen an iwwert déi sozial Netzwierker mat deenen aneren deelen, beréiert ganz vill Leit a féiert zu ville positive Reaktiounen, heiansdo och zu Diskussiounen, wéi een esou eng Situatioun besser meeschtere kann.

De Flüchtlingscamp vu Calais a Nordfrankräich ass sou dramatesch, dass en “La Jungle” genannt gëtt. Hei waarden am Moment méi wéi 6.000 Mënschen op eng Geleeënheet, fir an England ze kommen. Woufir England ? Entweder well se Englesch kënnen an do Famill hunn oder well se der Meenung sinn, dass d’Prozeduren an England méi séier ginn.

Den Numm ass wierklech keen Zoufall. D’Liewensëmstänn si wéi am Dschungel. Mir hunn et mat eegenen Ae gesinn an dacks missten erschreckt de Kapp rëselen. De Camp ass op Sandbuedem gebaut a steet dacks ënner Waasser, d’Temperaturen schloe voll an, d’Leit liewe bei Hëtzt a bei Keelt an Zelter oder onstabille Kabannen, et ass dreckeg, et feelt un Drénkwaasser an un Toiletten, an et gëtt just dat Néidegst z’iessen. Mee dank dem Asaz vun enger ganzer Rei vun Organisatiounen, ass et méiglech, de Leit hiren Alldag wierdeg ze gestalten : Iesse gëtt verdeelt, d’Familjen, besonnesch d’Kanner an d’Fraë, gi betreit, Franséischcouren ginn ugebueden etc. Iwwregens gouf op Bedreiwe vu Caritas Frankräich a vu Médecins sans frontières de franséische Staat Ufank dëser Woch derzou verurteelt, an der Jungle méi « points d’eau » anzeriichten an den Dreck ewechzeféieren ! D’Politik muss per Geriicht gezwonge ginn mënschlech ze sinn !!!


Wat mir 4 zu Calais erliewen, geet ënner d’Haut. Mir sinn eis bewosst, dass mer net d’Welt retten, mee mir erliewen och, dass mer wierklech gebraucht ginn, well et ni genuch Benevoler gëtt fir déi vill Aufgaben. Eisen Asaz ass also vill méi wéi eng Drëps op de waarme Steen.

Op där enger Säit hëllefe mer Téi, Sandwichen an 2.600 Owesiessen auszedeelen. Op der anerer Säit hu mer scho vill Leit an der Jungle kennegeléiert a ginn an Zelter oder an déi national Quartieren vum Camp bei d’Leit an hir kleng Welt invitéiert, fir zesummen z’iessen an ze schwätzen. « Et ass dës Gaaschtfrëndschaft, déi mech am Meeschte beandrockt ! », seet d’Sabrina. Mir kréien dobäi Liewensgeschichten erzielt, déi dramatesch sinn, wéi zum Beispill während dem Mëttegiessen an engem 50-Mann-Zelt vun de Sudanesen oder beim Téi mat de Kuwaitis an den Iraker. Mënschen, déi alles opginn hunn. Mënschen, déi Familjenmemberen duerch Krich oder Verfolgung verluer hunn. Mënschen, déi ausser der Hoffnung näischt méi hunn. Mënschen, déi studéiert hunn, ee Liewen haten, Frënn a Kollegen, an déi elo op eemol eleng do stinn. Mënschen, déi op de Booter fir op Lampedusa waren, an Camionen an Éisterräich soutzen, de Sprong op den Zuch fir duerch den Eurotunnel versicht hunn – ouni Succès. Mënschen, deenen hir Frënn et schonn an England gepackt hunn oder déi Frënn verluer hunn, déi bei deem Versuch ëmkomm sinn. « Et ass erstaunlech, wéi vill d’Leit eis verzielen an uvertrauen », stellt den Tom fest. Et si Mënschen, deenen hiert Liewen dat ass, wat hinnen hei nach bleift : la Jungle.

Eppes geet eis 4 emmer erem duerch de Kapp : Hei zu Calais ass déi ganz Welt op engstem Raum versammelt, mee just deen Deel vun der Welt, dee blutt, dee leid, deen aarm ass, wéi de Paul et empfënnt. Wéi dacks denke mer, dass et hannen um Enn just eng Saach vu Chance ass, wee wou gebuer gouf, a wéi total anescht eist Liewen wär, wa mer aus dem Sudan, dem Irak, aus Syrien, Kuwait oder Afghanistan stame géifen. An dass mer nimools mat de Flüchtlingen tausche wéilten. Da géife mer op enger Plaz festsëtzen, op déi mer elo an aller Fräiheet mam Auto gefuer sinn.

Kee vun de Flüchtlingen ass stolz Flüchtling ze sinn. Dat huet ee Mann aus dem Sudan dem Moreno erkläert. A kee vun hinnen ass houfreg op déi, déi d’Matleed fir d’Flüchtlinge mëssbrauchen an domat dacks eng ganz Populatioun diskreditéieren. Hei si Mënsche mat Hoffnung, Visiounen, Liewenswëllen, kreativ Mënschen, déi aus Zelter an Baatsche ganz Dierfer bauen, Restauranten opmaachen, Kierchen a Moscheeën bauen, sech organiséieren, hiert Liewen an de Grapp huelen, déi Schwaach mat duerch huelen, d’Iessen deelen an zesummenhalen. Mënschen, déi net eleng Matgefill verdéngen, mee Respekt a Bewonnerung. Mënschen, vun deenen een nach eppes léiere kann.

Mir 4, d’Sabrina, den Tom, de Moreno an de Paul, hunn den Androck, dass mer zu Calais méi kréien wéi mer selwer kënne ginn. Mir bewonneren den Asaz vun de Benevolen, déi ronderëm d’Auer d’Geschichte vun de Flüchtlingen opschreiwen, mat hinnen Demarchë maachen, den Accueil preparéieren an einfach nëmmen ëmmer do sinn. Owes gouf eng Kéier an der Caritas spontan ee Fest organiséiert fir ee jonke Mann aus dem Sudan, deen dank der Vermëttlung vu Caritas Frankräich elo endlech seng Pabeieren krut !


A mir bewonneren déi vill Mënschen, déi sech solidaresch weisen, andeems se politesch Léisunge proposéieren oder ganz einfach nëmme fir een Dag oder méi laang aus Frankräich, England oder der Belsch an de Jungle kommen, fir Éischt Hëllef, Iessen, Gezei etc. unzebidden, am Camp mat ze liewen oder einfach mat unzepaken. Do, wou d’Leed am Gréissten ass, léieren d’Mënschen am Beschten zesummen ze stoen !

Mir sinn zwar ohnmächteg vis-à-vis vun deem enorme Leed an där dramatescher Ongerechtegkeet, déi et nach an der Welt gëtt, mee mir hunn hei geléiert, wat fir ee Liewenswëllen, wat fir ee Potential, wat fir ee Glawen a wat fir eng Kraaft an de Mënsche stécht. Si ginn net traureg duerch de Camp, mee mat engem frëndleche Laachen, ëmmer bereet eis z’invitéieren, Moien ze soen, op d’Schëller ze klappen oder einfach kuerz ze poteren.

Young Caritas mécht och zu Lëtzebuerg weider mam Asaz fir d’Integratioun vun de Flüchtlingen. Mir wëlle virun allem konkret upaken an bidde ganz ville Jugendlechen d’Geleeënheet, sech zu Lëtzebuerg fir d’Migranten an d’Flüchtlingen anzesetzen, doduerch ganz besonnesch Erfahrungen ze sammelen a ganz besonnesch Mënschen aus spannende Länner kennen ze léieren.

Young Caritas helleft zu Calais (06.11.2015)
An där Woch wou de Paul Galles a seng Equipe zu Calais am Asaatz waren, hunn si vill Leit kennegeléiert an deenen hier Geschichten erzielt kritt.