E Papp zu sengem Jong"Verzei mer, och wann ech der däi Liewe geholl hunn"

Firwat 2016 besser gi muss wéi 2015. Op Basis vun enger wouerer Geschicht eng Text-Fiktioun mam Titel "De Killwon".

Bass de nach do? Komm, ech maachen dech Eizi, heemelen deng Baken, fueren der duerch deng Hoer. Deng kuerz schwaarz Hoer. Dat hunn ech ëmmer gär gemaach, du has et awer net ëmmer gär. Heiansdo huet et dech genéiert, mäi Klengen, mäi Groussen!

Looss mech awer nach déi Kéier, et ass vläit fir d'lescht, datt ech et maache kann. An ech weess net emol, ob s du et iwwerhaapt nach matkriss. Du bass elo schonn esou laang roueg, hues zanter Stonne kee Wuert méi vun der ginn an och schonn zanter enger Zäitchen net méi gewibbelt. Deng Ootmung ass och ëmmer méi lues ginn, ech hu se zum Schluss elo scho guer net méi gespuert ...

Du läis a mengen Äerm, esou bass du ageschlof. Wéi gär hätt ech dech nach eemol ugekuckt, dir gewisen, wéi frou ech mat dir sinn, wéi gären ech dech -

Ma hei an deem Schäiss Camion ass et jo stackdäischter. Zu vill ze vill hu se eis dra gelooss, hate gesot, mir wiere séier do, dat wier just e Klacks. Dat Schlëmmst hätte mir ewell hannert eis. A mir Idioten haten hinne gegleeft, mir all. Bon, wann een esou vill fir eppes bezilt, da wëll een och einfach un deen Invest gleewen. Keng Ahnung, zu wéi vill mir sinn, ma wéi konnte mir all nëmmen esou domm sinn. Esou naiv. Esou guttgleeweg. Déi houer Hoffnung!

Mer haten op deem enke Raum knapps genuch Plaz uerdentlech ze stoen, vu sech sëtzen oder sech duer ze leeë guer net ze schwätzen. Et war e Gedrécks sonnergläichen. Déi puer Täscheluuchten, déi se eis nach an de Grapp gedréckt haten, ware séier eidel. Du war alles schwaarz. Pechschwaarz. Dat war vläit och besser. Wat dono koum, war alles anescht wéi schéin. Esou bloufen eis alt déi eegen elle Gesiichter erspuert.

Genee esou séier, wéi et däischter ginn ass an eiser Këscht, ass et och waarm ginn doran, eekleg waarm. Et huet engem den Otem geklaut. Et huet ee gemengt, et géif een erstécken.

Och wa mir Prisonnéier um Wee an d'Fräiheet mol net déi selwecht Sprooch geschwat hunn, esou krute mer eis awer nach drop gëeenegt, bei der Dier eng Plaz ze definéieren, wou mer schiffen a schäisse konnten. Wat sollte mer da maachen? Mer hu jo kee Schlëssel. Mol keng Fënster. Guer näischt. Guer kee Kontakt no baussen. Mer wësse just, datt et dat dobausse gëtt, datt do eppes ass ... Ma dee Gestank. Fuerchtbar. Wéi an enger Zetär. Bon, bei dësen Temperature kee Wonner. Dobäi ware mer an engem Killwon ënnerwee. Engem Killwon fir Fleeschwueren. Fir Frëschfleesch.



Nee, et war vun Ufank un net schéin heibannen. Dat Schlëmmst war awer, wéi mer op eemol gemierkt hunn, datt mer net méi rullen. Dat si sech aus dem Stëbs gemaach hunn. An eis hei stoe gelooss hunn.

D'Männer hei banne si geckeg ginn, ech och. Mir hu widdert d'Mauere geschloen, hu probéiert, de Camion un d'Tippen ze kréien. Et hat alles kee Sënn. Näischt ass geschitt. Mer haten herno all bluddeg Fangeren, verstauchte Fangeren, gebrache Fangeren. Anerer hu sech nach vill méi wéi gedoen - un den Hänn, den Äerm, de Been, dem Kapp. Déi puer Kanner hei bannen hu just nach gepinscht, d'Fraen hu probéiert, se ze berouegen. Ma wann s de selwer nëmmen nach eng vag Hoffnung hues, da musst de bal léien - dann ass et schwéier, glafwierdeg ze sinn ...

Ech hunn dech, Stupp, och belunn. Am Camion hei bewosst, firwat sollt ech der d'Wourecht ze fréi soen? Virun der Rees hunn ech der och eppes virgemaach, ma ech wousst selwer net, datt et esou laang dauere géif, esou deier wier, esou geféierlech, esou riskant.

Eleng um Gedanken, lieweg an enger Luet ze leien, kanns de scho krepéieren. Wann s de der dann awer, no an no, wéinst där houerer Hoffnung, bewosst gëss, dass de wierklech an enger bass, da kriss de Flemm. Da kënnt d'Roserei. An den Haass. An ëmmer nees d'Panik.

Doudangscht.

An en onendlech schlecht Gewëssen.

Well du hues jo däi Bouf bei dir. Däi Jong. Däi Fleesch a Blutt. Du hues him d'Liewe geschenkt an hëls him et elo nees. Dat däerfs de u sech jo guer net, keen däerf dat - et däerf ee kengem aneren d'Liewen huelen, kengem eppes ewechhuelen, wat een engem virdru geschenkt huet. Firwat huele si eist dann? Firwat hu si net den Hiewel ëmgeluecht? Ee Gest wier duergaangen. Déi Drecksäck! 5 Zentimeter trennen eis vun der Fräiheet, maachen den Ënnerscheed, entscheeden iwwer Liewen an Doud.

Verzei mer, och wann ech der däi Liewe geholl hunn. Mäi Jong, ech hat et gutt gemengt. Ech wollt der e bessert Liewe schenken. Wëllen dat net all Pappen a Mammen? Ni hätt ech eis Heemecht verlooss, wa se net op eemol ugefaangen hätten, Bommen ze schmäissen. Mer haten domat näischt ze dinn a waren awer op eemol am Krich. Haten näischt méi ze bäissen an ze räissen.

Wéi gär hunn ech moies beim Kaffi Drénke Witzer mat dir gemaach, wann s du nach granzeg waars, well s de nach midd waars. Well mer eis um Owend virdrun, virum Schlofegoen, nach vill ze laang Geschichten erzielt oder erfonnt hunn. A wat hu mer eis net alles iwwert dat groussaartegt Europa virgestallt? Mer wieren endlech a Sécherheet a kéinte mol nees liewen, ouni stänneg ëm eist Liewen ze fäerten. Wann déi Angscht fort ass, da kann ee sou vill Schéines erliewen am Liewen ... Da kann ee Kach ginn oder Infirmier oder Schoulmeeschter, Pompjee oder Polizist, et kann ee Football spillen, mat Frënn grillen oder an d'Schwämm goen ...

Ech wéilt dech nach eemol léifdrécken, da géifs de meng Tréine spieren, ma ech sinn och elo ze schwaach.

Op eemol goung et ganz séier. Op eemol war d'Loft fort. Wéi ofgeschnidden. Een nom aneren hu mer ausgehaucht, et ass ëmmer méi roueg ginn.

Wat sollen d'Mamm an deng Schwëster nëmmen denken, wa si et gewuer ginn? Wa si et da gewuer ginn. Wann net, menge si vläit, mir géifen eis et an Europa gutt goe loossen an hätte si vergiess. Nee, esou eppes däerfe si net denken! Esou eppes denke si net! Wa se iwwerhaapt nach liewen? Et ass scho sou laang hier, datt mer mat hinne geschwat hunn. Natierlech wiere mer spéider nees zesumme gewiescht - entweder hei an Europa, jo, mer hunn d'Grenz passéiert, dat hu mer gepackt, oder nees doheem, wann do rëm Fridden ass ... Einfach Liewen.

Et deet mer esou leed. Et deet mer esou wéi. Sou wéi, wéi, wéi - ma Fridden hu mer lo gläich.

Hoffentlech maache se dëst Massegraf op 4 Rieder iergend eng Kéier op a soen da Bescheed. A fannen déi Béis.

Dat hei muss ophéieren.

Jong, verzei mer. Ech hu versot. Ganz geschwë si mer nees zes...

Burgenland: Camion mat Läiche vu Flüchtlingen (27.08.2015)
Éisterräich an Ungarn siche no de kriminelle Passeuren. Um Westbalkan-Sommet zu Wien sicht een no Léisungen am Flüchtlingsdrama.


Beim Flüchtlingsdrama an engem ungaresche Camion an Éisterräich sinn 71 Mënschen ëmkomm: 59 Männer, 8 Fraen a 4 Kanner. Et handelt sech wahrscheinlech ëm Flüchtlingen aus Syrien, huet et den 28. August um 12 Auer op Radio Lëtzebuerg geheescht.

A weider: An Ungarn sinn 3 Männer festgeholl ginn. E Bulgar mat libaneseschen Originnen soll den aktuelle Proprietaire vum Camion sinn, en zweete Bulgar an en Ungar solle mam Camion gefuer sinn. Géint e weidere Verdächtege gëtt et en Haftuerder. Et geet een dervun aus, datt déi 71 Affer erstéckt sinn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.