FeuilletonE Blannschlécher, deen traureg mécht ...

... oder en onerwaarte Kadaver um Parking. Dozou e puer Gedanke vum Luc Marteling.

© lm
Op eemol war se viru mer - eng kuerz brongelzeg Linn um Parking, déi soss net do war an déi och nach gewibbelt huet. E Blannschlécher. Bon, als Kand hunn ech déi Déieren ëmmer "Blindschleich" genannt - vläit well ech op der Musel opgewuess sinn an déi däitsch Sprooch net esou wäit aus de Féiss louch ...

... a mam Blannschlécher waren direkt e sëlleche Kandheetserënnerungen nees do: Mat mengem beschte Kollege vun deemools hu mir der reegelméisseg op enger aler Trap um Wee aus der Schoul gesinn. D'Blindschleiche louchen dann do op de waarme Steng sech ze sonnen. Heiansdo hu mer der och am Bësch gesinn iwwert e Wee huschen. An eemol hu mer eng am Wanter fonnt, eng "gefrueren", déi wuel an der "Wanterstarre" war a vläit wéint engem Schantjen oder vun engem Mupp onfräiwëlleg un d'Uewerfläch gerode war.

Déi elei awer, déi vun der leschter Woch, déi war nach gesond a monter, koum just op dem Goudron vum Parking net gutt virun. Ech hunn e bësse gezéckt, als Bürosmënsch huet een net méi esou vill Kontakt zu "wëllen" Déieren, ma krut d'Schleech ze paken an hu se an d'Wiss nieft dem Parking gesat. Datt hir och jo nëmmen näischt géif geschéien, mat hiren elegante Beweegungen an hirem kofferfaarwege Réck, deen awer schonn e puer Schrummen hat.

Blannschlécher gehéieren iwwregens zu den Echsen, hunn awer keng Patten, esou datt ee se dacks mat enger Schlaang verwiesselt. En erwuessene Blannschlécher ass an der Moyenne 35–45 cm laang a ka bis zu 50 Joer al ginn, heescht e um lëtzebuergesche Wikipedia.

Esou al sollt dëst Exemplaire leider net ginn - e puer Deeg duerno, eemol moies, wéi ech nees iwwer de Parking getrëppelt sinn, louch d'Blindschleich do a war dout. Et huet ausgesinn, wéi wann direkt e puer Autoen iwwer se gefuer wieren. E Kadaver, ee futtissen, dee mer Bauchwéi gemaach huet, well ech hätt d'Schleech wuel misse méi konsequent a Sécherheet bréngen e puer Deeg virdrun. Mea culpa.

© lm


A wéi ech esou nieft deem doudege Blannschlécher gehockt hunn, hunn ech mussen un déi Mammen an Hiewanen denken, déi Kanner op d'Welt bréngen, déi duerno duerch Terror a sënnlos Gewalt schro blesséiert oder souguer dout gemaach ginn. An un d'Dokteren, déi d'Affer, wa se dann iwwerlieft hunn, nees esou gutt wéi méiglech zesummepléischteren. Fir datt se duerno nees Affer kënne ginn? Bei den Zaldoten haut vrun honnert Joer war et emol esou ...

An ech hu mussen un déi algriichesch So vum Sisyphos denken.

An dat alles huet mech traureg gemaach.

Wéi Blannschlécher een dach beréiere kënnen.

NB: Blannschlécher, esou d'Luxemburger Wörterbuch, géif een am Osten an Norden och nach Blandschlécher nennen. Synonyme wieren Blank-, Blénk-, Lann-, Land-, Lankschlécher. Wikipedia berifft sech bei de Synonymen op den Henri Klees a nennt dës Bezeechnungen: Adder, Blanneschlécher, Blandschlécher, Blank-, Blénkschlécher, Blindschleich, Blindschleech, Bléintschléier, Blënnschlécher, Blënzelt, Blënzert, Land-, Lank- a Lannschlécher.

RTL.lu krut och divers Reaktiounen, wat den Numm "Blannschlécher" ugeet: An zwar hunn eis Leit vu Wolz, vu Kielen a vu Suessem matgedeelt, si hätten och ëmmer Blindschleich gesot ...

Feedback mat Fotoe vun René Pfeiffer, Kameramann bei RTL Télé Lëtzebuerg:

© RTL Télé Lëtzebuerg / René Pfeiffer


Ech hat virun e puer Wochen och esou e Gaascht hannerem Haus. Meng Fra wollt schonn d'Aaxt huelen ... Ma zesumme mat menger ganz virwëtzeger Duechter hu mir d'Déier dunn an enger Kartrongskëscht gefaangen an e puer honnert Meter méi wäit ewech nees an d'Fräiheet entlooss ...

© RTL Télé Lëtzebuerg / René Pfeiffer


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.