Mann aus dem ÄisHistoresch Decouverte viru 25 Joer a Südtirol

D'Entdeckung vum "Ötzi" suergt bis haut fir internationalen Intressi. Zënter engem Véirelsjoerhonnert beweegt d'Mumie aus dem Äis d'Fuerscher.

Am Musée zu Bozen: Esou kéint den Ötzi ausgesinn hunn ...© lm
Den 19. September 1991 sollt kee gewéinlechen Dag an der Fuerschung bleiwen. Wéi eng Koppel sech op eng Wanderung an den Ötztaler Alpen gemaach huet, huet si deemools bestëmmt net mat dëser sensationeller Entdeckung gerechent. Wat op den éischte Bléck wéi Knascht ausgesinn huet, huet sech als Läich erausgestallt. Um Réckwee hunn d'Wanderer dunn d'Police an d'Rettungsdéngschter iwwert hir Entdeckung alarméiert. Während den Ausgruewungen ass du kloer ginn, dass et sech net em ee rezent Verstuerwenen handelt, mä ëm eng Mumie. Eng bis haut eemoleg Entdeckung, déi d'Fuerscher zanter elo scho 25 Joer beschäftegt: Wéi huet de Mann gelieft, wéi ass en ëm d'Liewe komm? Fest steet: De Mann huet während der Steenzäit gelieft. Duerch d'Mumifizéierung sinn net nëmmen de Kierper, mä och Kleeder, Ausrüstung a Waffen an engem exzellenten Zoustand. Sou sinn den Historiker vill Aspekter vun der fréier Steenzäit méi kloer ginn.

© AFP


D'Ötztal, wou d'Mumie fonnt gouf, ass och iwwregens de Grond wisou mir haut vum "Ötzi" schwätzen. Mä wie war de Mann aus dem Äis eigentlech? Bis haut hält dës Fro d'Fuerschung op Trapp. Och wann een am Ufank dovun ausgaangen ass, dass et sech em een Hiert gehandelt huet, ginn et ëmmer méi Indicen, déi dorop hiweisen, datt den "Ötzi" aus der Gesellschaft ausgeschloss gouf. Ënner anerem säin Equipement weist dorop hin, dass hie méi laang ausserhalb vun den Dierfer ënnerwee war. Och d'Doudesursaach léisst drop schléissen, dass de Mann aus dem Äis op der Flucht war. Hie weist Spure vun engem Kampf op an ass vun engem Feil un der Schëller blesséiert ginn. Un dëser Blessure ass deen Onbekannte wahrscheinlech verblutt. 

Dat Besonnescht un dëser Mumie ass wuel, dass et sech net ëm eng kënschtlech mumifizéiert Läich handelt, mä ëm eng natierlech Mumie. Ouni iergendwellech mënschlech Bäihëllef ass den "Ötzi" am Äis konservéiert ginn. Den exzellenten Zoustand vun der Läich erlaabt bis haut nach genee Ënnersichungen a liwwert ëmmer nees nei Entdeckungen. Wie weess, vläit liwwert eis den "Ötzi" lo no 25 Joer nees eng nei Entdeckung.

Mä och ouni nei Entdeckung bleift den "Iceman" eng Sensatioun. Mëttlerweil ass hien den Haaptgrond fir vill Leit, d'Ötztal besichen ze goen. An do gëtt och sou zimlech alles gemaach, fir dass d'Leit e gudden Abléck an d'Liewe vum Steenzäitmann kréien. Zu Umhausen kann ee sech am "Ötziduerf" an d'Liewenskonditioune vu viru 5.000 Joer eraversetzen. Virun allem Kanner, mä och Erwuessener kënnen hei nach vill iwwert d'Steenzäit léieren.



Zënter Joren ass awer de Südtiroler Archäologiemuseum zu Bozen d'Haaptattraktioun. De Musée ass bei deene meeschte Leit awer just als "Ötzimuseum" bekannt, well hei sinn net nëmme seng Geschicht a säi Kontext ausgestallt, mä och hie selwer. D'Mumie ass och wahrscheinlech de Grond, wisou sou vill Leit an de Musée ginn, och wann et hei vill aner Attraktioune ginn. Sou sinn ënner anerem och dem "Ötzi" seng Waffen a Kleeder hei ausgestallt.

Duerch déi modern Fuerschung wësse mir genee, wéi de Steenzäitmann ausgesinn huet. Mat bloen Aen a bronge gewellten Hoer steet d'Rekonstruktioun vum Äismann am Musée. Net nëmme seng Optik, mä och säi Gesondheetszoustand si genee bekannt. An dee war alles anescht wéi optimal. Hien hat Karies, Borrelios, huet regelméisseg ënner Infektiounen am Mo gelidden a war laktoseintolerant, mä dat war deemools éischter d'Regel wéi d'Ausnam. Donieft war e kuerz viru sengem Doud extrem gestresst.

Zu Éiere vum 25. Anniversaire ass nieft der normaler Expo nach eng Ausstellung iwwert d'Kofferzäit an den deemolege Wäert vum Metall. Koffer huet och bei der Identifizéierung vun der Mumie eng wichteg Roll gespillt. Den "Ötzi" hat es nämlech dobäi. De rare Metall a seng Bedeitung an der "Ötzifuerschung" ginn ënnert dem Numm "Heavy Metal" méi genee ënnert d'Lupp geholl. Gewosst ass, dass Koffer an der Epoch besonnesch wäertvoll war an net jiddereen hat Zougang dozou ... Den Ötzi schonn. E Grond méi iwwert dem Mann seng Hierkonft ze rätselen. 



Vu Lëtzebuerg aus brauch ee mam Auto bis op Bozen op der kierzter Streck (ronn 770 Kilometer) eng 8,5 bis 9 Stonnen, wann alles rullt ... Do kann een datt d'Stiedche Bozen oder Bolzano, wéi den italieneschen Numm ass, Haaptstad vun der autonomer Provënz Südtirol / Alto Adige, mat senger ronn 500.000 Awunner genéissen.

Oder et kombinéiert een en Trip dohi mat senger Schivakanz, vill Lëtzebuerger zitt et jo op d'Pisten a Südtirol.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.