Mof MuertenOrange Wuerzelen zu Éiere vum Kinnik Willem van Oranje

Déi klassesch Faarf vu Muerte war net ëmmer orange, mä mof. Zënter e puer Joer sinn déi mof Wuerzelen awer nees staark am Trend.

Wa mir haut u Wuerzelen denken, denke mir automatesch un d'Faarf orange. Hei an Europa sinn d'Muerte mëttlerweil sou gutt wéi ëmmer orange. Mä déi ursprénglech Faarwe vum Geméis ware giel, wäiss an eben och mof.

Eréischt am Laf vum 18. Joerhonnert hunn d'Hollänner hirem Kinnik Willem van Oranje zu Éiren experimentéiert, bis d'Geméis an der Nationalfaarf geliicht huet. Legenden no wollten d'Hollänner esou de Spuenier eng auswëschen an op dës Aart a Weis huet d'Vollek dem Kinnik hir Ënnerstëtzung bewisen. Si waren dankbar, well hien d'Onofhängegkeet vis-à-vis vu Spuenien erkämpft huet. Am Onofhängegkeetskrich hat de Willem van Oranje eng zentral Roll, ouni hie wären d'Hollänner net esou gutt ewechkomm.  



Him zu Éiren hunn déi hollännesch Geméisbauere mat Geseems aus Nordafrika experimentéiert, fir aus mofen, wäissen a giele Muerten, Oranger ze kréien. 1721 war et dann sou wäit: Déi éischt orange Muert gouf dokumentéiert an d'Hollänner haten hiert d'Nationalgeméis. Souguer am zweete Weltkrich haten déi orange Wuerzelen nach eng besonnesch Bedeitung fir déi hollännesch Zaldoten. Zur Zäit vun der däitscher Besetzung ass de Militär deelweis mat orange Muerten duerch Stroosse marschéiert fir hire Patriotismus ënner Beweis ze stellen.

Op dës Legend elo wouer ass oder net, déi éischt orange Wuerzel ass an Holland dokumentéiert ginn. Dat ënnerleeën ënner anerem hollännesch Konschtwierker. No an no sinn déi orange Muerten an der ganzer Welt bekannt ginn an hunn d'Originalfaarwe verjot. Bis haut liichten d'Wuerzele meeschtens orange am Supermarché. Mä mam Bio-Boom vun de leschte Joren, feiert déi mof Muert hire Revival. Bis an d'18. Jorhonnert huet dëst Geméis a sëlleche Faarwe geliicht.



Wäiss ware se am Mëttelmierraum, giel a mof an Nordafrika an an Asien. Déi wäiss, giel a mof Muerte sinn a leschter Zäit ëmmer méi am Supermarché ze fannen. Ënnert dem Numm "Purple Haze" ass déi mof Muert ee richtege Geheimtipp. Bësse méi séiss wéi déi hollännesch Variant ass se, mä dofir och eng Vitaminbomm. Se ka réi, an der Zalot an och als gekachte Bäilag giess ginn an ass mat hirer schéiner kräfteg mofer Haut e richtegen Highlight. Trotzdem ass de "Purple Haze" net ganz déi Originalversioun vun der mofer Muert. Hei handelt et sech och ëm eng Kräizung fir de Goût vun der hollännescher Wuerzel mat der original mofer Muert ze verbannen.

Déi faarweg Wuerzele sinn also fräi vu Genmanipulatioun, och wa vill Leit dat am Ufank gefaart hunn. Ganz am Géigendeel, méi natierlech wéi déi faarweg Wuerzele geet et net. An och méi gesond geet et quasi kaum. Se huet net nëmmen 40 Prozent méi Beta-Carotin, wéi déi normal Muerten, mä déi mof Schuel ass och voller Antioxydantien. Also ass d'Schuel net nëmmen optesch en Highlight, och wa si de Grond ass, dass déi Orignalmuert sou beléift an der Zalot ass.



An der Kiche kann ee quasi alles mat de mofe Muerte maachen, wat een och mat den Orange maache kann. Vun Zopp iwwer Zalot bis hin zur Bäilag. Iwwerall kann een normal Muerten duerch déi Mof ersetzen a kritt sou och richteg faarweg Platen op den Teller gezaubert.

Fir eng klassesch Muertenzalot méi faarweg ze gestalten kann een einfach 2 bis 3 mof Muerten derzwëschen rappen. Och fir den Dressing ännert sech näischt: Mat engem normale Mouschterdressing schmaacht och déi gemëschten Zalot.






Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.