Miles & More?Lëtzebuerger Hond 10 Stonnen als blanne Passagéier ënnerwee

Den Tjui, een 10 Joer ale Shar-Pei Hond, war bësse méi laang ënnerwee fir vu Lëtzebuerg op Palma ze fléien. Mir haten d'Chance hien am Interview ze hunn.

Tjui, Dir waart 10 Stonnen ënnerwee, fir vu Lëtzebuerg op Palma ze fléien. Wéi koum et dozou?

Fir et kuerz ze soen. Si hate vergiess, mech zu Palma aus dem Fliger ze huelen.

Wéi kann een Iech da vergiessen?

Et ass esou, dass Hënn iwwer 8 Kilo, zu deene gehéieren ech, net uewen an der Kabinn matfléien, mä ënnen an der Soute. Do ass e speziell gehëtzte Raum, an deem Plaz fir Déieren ass, déi e bësse méi grouss sinn. An dee Raum hate se vergiess zu Palma opzemaachen.

Hu Dir dann net gebillt, fir op Iech opmierksam ze maachen?

Also mir Shar-Pei Hënn bille ganz seelen. Dat ass esou bei eiser Rass. Ech hu mir och keng Gedanke gemaach, wou et bësse méi laang gedauert huet. Schliisslech ass et jo Summerzäit an do ass um Fluchhafen zu Palma ëmmer eng méi lass. Wou de Fliger dunn awer nees gerullt ass, hunn ech mir schonns e puer Gedanke gemaach.

Bienvenue chez les Ch'tis

Dat heescht Dir sidd dunn nees zeréck op Lëtzebuerg geflunn?

Dat hat ech och gemengt, wou de Fliger nees gestart ass. Wou mir dunn awer nees gelant sinn, si Leit bei mech an de Bauch vum Fliger komm, déi ech net verstan hunn. Et ware puer Wieder derbäi, déi mir bekannt vir komm sinn anerer awer net. Op eemol hunn ech mech awer un ee Film erënnert, dee meng Cheffe schonns e puer Mol gekuckt hunn. Nämlech „Bienvenue chez les Ch'tis“. D'Leit hei hunn och esou geschwat.

Dat heescht Dir waart am Nord Pas de Calais?

Jo zu Lille ware mir gelant. Dat huet de Pilot mir gesot. Deen huet jo Lëtzebuergesch geschwat an dee war och ganz fei mat mir.

Dat heescht d'Luxair flitt och vu Palma op Lille?

An och nees zeréck...

Dir sidd also vu Lille nees zeréck op Palma geflunn?

Jo dohinner wou ech jo moies um 8 Auer schonns eng Kéier war.

An um wéi vill Auer sidd Dir dann déi zweete Kéier zu Palma gelant?

Dat war géint 14.15 Auer.

Dat heescht mat d'Check-In an esou weider, war Dir ronn 10 Stonnen an Ärer Këscht agespaart?

Sou kann een dat soen.

Lo soe bestëmmt vill Leit, dass een an Ärem Hondsalter net méi soll fléien...

Also wann ech mäin Alter a Mënschenalter ëmrechnen, dann hunn ech 70 Joer. Ech hu kee Cholesterol, mäi Bluttdrock ass ok, ech brauch keng Thrombosstrëmp unzedoen an ech hunn och nach ëmmer alleguerte meng Zänn. Ech fille mech also Top Fit. An éierlech; Wann alleguerten déi Mënschen, déi 70 Joer hätten, net sollen oder dierfe fléien, da wieren d'Fligeren dacks eidel.

Ech ka mir awer virstellen, dass Dir gären op déi 10 Stonnen an der Këscht verzicht hätt?

Dat ass effektiv wouer. Normalerweis dauert de Fluch vu Lëtzebuerg bis op Palma jo just 1 Stonn a 50 Minutten. An dann ass dat och ok an esou enger Këscht. Mä wann ee muss 10 Stonnen dra setzen oder leien, dann ass dat eppes anescht.

Wat hunn Är Cheffen da gesot, wou se Iech nees gesinn hunn?

Déi ware natierlech och erliichtert, dass ech lieweg ukomm sinn. Déi Deeg duerno sinn ech och anstänneg verwinnt ginn a krut e puer Kilo méi op d'Rëpper.

Wéi geet et Iech dann elo?

Ech muss soen, dass ech puer Deeg gebraucht hunn, fir mech vum Schock ze erhuelen. Elo sinn ech awer nees ganz monter a genéisse meng Vakanz hei op Mallorca.

Hat Dir dann och schonns Kontakt mat der Luxair?

Jo natierlech. Déi waren och ganz fein an hu sech entschëllegt. Et ass jo och net hire Feeler gewiescht. D'Personal um Fluchhafen zu Palma hat mech jo vergiess.

Wéini geet et dann elo zeréck op Lëtzebuerg?

An 2 Wochen. Ech hoffen jo dass déi Erënnerungen un den Allersvol net zeréckkommen an dass ech zu Lëtzebuerg net nees am Fliger vergiess ginn. Ech gleewen awer net, dass een dat an engem Hondsliewen 2 Mol erlieft.

Merci Tjui fir d'Interview a mir wënschen Iech nach eng schéi Vakanz.

Merci och!

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.