AllerhellegenGedanken um Sonndeg de Mëtteg zu Mäertert um Kierfecht

Um Graf vu sengem Papp kann engem villes duerch de Kapp goen - virun allem, datt e Besuch op engem Kierfecht eppes Lieweges ass. Perséinlech Andréck.

De Kierfecht zu Mäertert um Sonndeg de Mëtteg virun der Kuliss vun der faarweger Natur am Museldall.© lm
Et ass eng Minutt op d'Dräi an et ass nach net un. D'Leit fänke schonn un, nervös ze ginn. Déi Éischt kucke well op d'Auer. Kee Wonner, d'Institutioun Kierch huet net de Ruff, onpénktlech ze sinn. Op d'mannst emol zu Mäertert.

Wéi sech um 4 Minutten op 3 nach ëmmer näischt geréiert huet, kucken och ech op mäi Smartphone. Awer méi aus Interessi. Ech sinn - pour un fois - weder gestresst, nach presséiert. Iwwerhaapt, wat soll déi blöd Hetz, mat där een dauernd duerch säi Liewen hetzt? Zumindest emol hei a Westeuropa. Op anere Kontinenter ass dat anescht. Och fir mech, wann ech dann emol do sinn (wat vill ze seelen de Fall ass). A Südamerika zéien ech knapps emol d'Schëlleren erop, wann ee mer seet, datt de Bus net um 2 Auer, ma eréischt um 9 Auer fiert. 7 geschenkte Stonnen an deenen ech liesen, schreiwen, raschten, drénken, iesse, schlofe kann. An hei? 7 Minutten ze spéit si scho bal e Crime de lèse-majesté.

Ee vu menge Bouwen ass och ongedëlleg a verpasst net säin Asaz: "Kënne mer net goen?", proposéiert hie ganz am Eescht. Ech ginn net wierklech drop an, dofir sinn ech vill ze frou, do ze sinn, wou ech grad sinn.

Ech kucken ëm mech, mir falen déi faarweg Blieder vun de Beem um Bord vum Kierfecht op. An dee bloen Himmel. Schéin. Riets vu mengem Bléck lafen d'Schinne vun den CFL, d'Linn Bëlleg-Stad; normalerweis ënnerbriechen ëmmer op d'mannst zwee Zich d'Zeremonie. Aktuell ass et do awer grad roueg. Dofir gesäit een Zich op der däitscher Säit. Ee fiert no Süden, kuerz drop een anere Richtung Norden. Kaméidi maache si bal keen.

E Kréckelen am Mikro annoncéiert de Leit: Lo geet et lass. An ech sinn iwwerrascht, ech hat d'Qualitéit vun de Lautsprecher zu Mäertert um Kierfecht méi schlecht an Erënnerung. Se ass op alle Fall besser wéi déi vun de Lautsprecher am Stade Josy Barthel. Eleng d'Beschallung do ass en Argument fir en neie Stadion!

D'Grafsteng um Mäerter Kierfecht - bal ausnamslos an däischtere Faarwen.


De Paschtouer erkläert kuerz, wourëm et de Mëtteg geet an dass en elo d'Griewer seene geet. 't kënnt mer vir, wéi wann e bëssen ausser Otem wier. Kee Wonner, traficméisseg ass virum Kierfecht - ups - der Däiwel lass. Den hallwen Trafic, dee vun Däitschland iwwer Bëlleg an d'Land kënnt, fiert dëser Deeg laanscht d'Musel (a laanscht de Mäerter Kierfecht), fir dann duerch d'Duerf nees op d'Nationalstrooss ze fueren. De Grond ass, wann een esou wëll, Kack: Zu Bëlleg op Héicht vun der Gemeen an der Gare (oder am Lokal-Slang: dem Bahnhof) gëtt geschafft, well do gouf e Lach gebuddelt, fir d'Ofwaasser ze sammelen an et dann d'Musel erop op Maacher ze pompelen, wou et dann an der neier Kläranlag (am Hafen) gebotzt ka ginn - fir an déi propper Musel ze lafen ... A wéinst deem Schantjen (alias Baustell) gëtt et do eng rout Luucht, déi Dag fir Dag fir Monsterstaue suergt, bis wäit an Däitschland eran ... Dat léisst een no Ausweeër sichen.

De Paschtouer huet Musek opgeluecht an zitt mat sengem Wäiwaasser a senger Biischt ouni Ëmweeër iwwert de Kierfecht. En ass eleng, wat ech e bëssen traureg fannen. Fréier war et ëmmer eng Éier, wann een als Massendénger mat dem Paschtouer tëscht de Griewer erduerch ronderëm jauwe konnt.

A wann net mam Wäiwaasser, dann duerno mam Rauchfaass. Deen Tour fält déi Kéier ganz aus. Zenséiert? 't gëtt op alle Fall net "inzenséiert". Dobäi hunn ech dee Geroch bis haut gären.

Mäi jéngste Bouf ameséiert sech mat de Kiselsteng vum Buedem, e spillt domat. Ee flitt him aus der Hand a lant um Graf. Ech pësperen him an d'Ouer, als Strof misst hien elo "Le petit Prince" liesen. Seng Äntwert: "Nö!"

Iergendwou héisst e Mann mat engem décken Arrangement bei säi Graf, also dat vun der Famill. Op enger anerer Plaz begleet een de Paschtouer onfräiwëlleg mat enger décker Tut - doraus eraus luusse Planzen. Wéi en endlech beim Graf ukënnt, kuckt d'Famill e bësse keck, wéi wa se soe wéilt: Jo wat solle mer dann elo domat maachen? Aner Griewer gesinn zimlech schmiereg aus, do war d'Botzaktioun am Virfeld wuel e bësse mëssgléckt. Op eisem war een décke Pull, ëm dee sech mäi Brudder nach séier mat engem Duch gekëmmert hat - éier d'Zeremonie offiziell lassgoung.

Op enger anerer Plaz souert e klengt Kand, iergendwou mécht sech eng Mamm mat engem aneren aus dem Stëbs, dat war wuel ze ustrengend. Ech gesinn e Mann, mat deem ech fréier Football gespillt hunn, hie fummelt u sengem Smartphone.

D'Graf vum bekannte Mäerter Moler Jean-Pierre Beckius.© lm


Mir gëtt op eemol bewosst, firwat de leschte Weekend Mantelsonndeg war. An ech muss laachen. Hei um Kierfecht sinn d'Leit zimlech "casual" ugeoen. Hu selwer eng Jeans an eng blo Jackett un - awer schwaarz Schong. Anerer stinn total normal un hire Griewer.

Firwat och net? Firwat an Trauerkleedung opdauchen, wann engem net duerno ass a wann d'Natur sech esou faarweg wéi zu soss kenger Joreszäit presentéiert? Iergendwéi gefält mer, wéi d'Leit hei optrieden: Hier bin ich Mensch, hier darf ich 's sein! A wann ee sech schonn ukucke kënnt, wou ee vläicht fréier oder spéider selwer läit, da léiwer net ze vill formell ...

Ausserdeem hunn ech guer keng Loscht, traureg um Kierfecht ze sinn. Ech si frou, Leit ze gesinn, déi zimlech aus mengem Liewe verschwonne sinn, un déi ech awer nach dacks denken. An ech si frou, bei mengem Papp ze sinn. Mech him no ze spieren. Well am Fong ass een dach net dacks genuch um Kierfecht. (Hutt Dir net och heiansdo dee Gedanken?) Wéi eng Roll d'Relioun derbäi spillt, weess ech net. D'Spiritualitéit spillt sécher eng grouss.

Um 15.26 Auer seet de Paschtouer, et war iwwregens net de Roger Geimer vu Mäertert, ma dee vun Rued, de Guy Diederich, de Leit Äddi a wënscht hinnen nach e schéine Rescht vum Dag an eng gutt Woch. Se huet also genee 20 Minutte gedauert, déi virgezunne Griewerseenung fir Allerhellgen um  Sonndeg de Mëtteg zu Mäertert. Mengen, dat ass esouguer an eiser "beschleunigter Gesellschaft" (wéi mäi Unisprof Peter Glotz et eemol ausgedréckt huet) z'erdroen. Vun de Kanner huet dann och kee méi eescht gesouert gehat.

Déi kuerz Zeremonie war iwwregens an 3 Sproochen. Ech huelen un, datt sech keen dru gestéiert huet ...

"Du kenns sécher net méi vill Leit", freet meng Mamm mech op eemol. Ech muss hir leider Recht ginn. Awer ech kennen der trotzdem nach eng ganz Partie - och wéinst hinne kommen ech gären op Mäertert. Och wann ech mat deene meeschte kee Wuert ze schwätze kréien.

An ech komme gäre wéinst der Rou: 20 Minutten Andréck op sech wierke loossen, nodenken, sech erënneren. Merci fir déi Zäit!



Ech hunn awer den Androck, datt vu Joer zu Joer ëmmer méi Griewer eidel bleiwen ...

Éier ech de Kierfecht verloossen, trëppelen ech nach eemol bei säi prominentsten Awunner: de Moler Jean-Pierre Beckius.

Ech ginn och nach bei d'Griewer vun de Russe luussen, déi uewen all beienee leien. Si ware jo no der Russescher Revolutioun zu Mäertert gelant - an zu Wolz.

An da ganz zum Schluss loossen ech mer vu menger Mamm nach d'Griewer - frësch dekoréiert! - vun den 2 "Airmen" vun der Royal Air Force weisen, déi am Zweete Weltkrich zu Mäertert hiert Liewe gelooss hunn.

De Pilot D.D. Hall, Flight Lieutnant, an den Navigator B.R. Dwyer, Flying Officer, sinn den 2. September 1944 ëmkomm. Den Hall war 24 Joer al, de Dwyer der grad emol 20. Deen ee wier der haut 96, deen aneren 92. Ma amplaz dovu schlofe si zanter 72 Joer zu Mäertert am Buedem.

Op der Plaz ass grad kee bei Hand, dee mer genee soe kann, wat mat deenen zwee geschitt ass, dofir fannen ech duerno awer am Internet dës "Burial Details":

154846 Flying Officer Brian Robert Dwyer, Navigator in 107 Squadron, Royal Air Force Volunteer Reserve, died 2nd September 1944, aged 20. Son of John Harold and Elsie Dwyer, of Leicester.

124676 Flight Lieutenant David Domett Hall, Pilot in 107 Squadron, Royal Air Force Volunteer Reserve, died 2nd September 1944, aged 24. Son of Arthur Domett Hall and Emilie Hall, of Denmark Hill, London.

Um Owend vum 2. September 1944 waren de Flying Officer Brian Robert Dwyer an de Flight Lieutenant David Domett Hall op enger Reconnaissance-Mission, wéi si iwwert en däitschen Zuch geflu sinn. Well si zimlech déif ënnerwee waren, gouf hir De Havilland Mosquito FB VI vun däitsche Kugele getraff an ass erofgefall an huet déi 2 "Airmen" mat an den Doud gerappt. Si goufen heemlech begruewen, datt déi Däitsch si net fanne géifen.

Visitte vu Kierfechter kënnen intensiv (Zäit)Reese sinn!

PDF: E Flyer iwwer de Mäerter Kulturwee, mat Infoen iwwert de Mäerter Kierfecht.

Um Wee erof lafen ech nach engem weideren ale Football-Kolleg an d'Gräpp. Mir schnëssen e bësse mateneen an hie freet mech, wat ech esou maachen. Ech deiten him un, datt ech vläicht eppes iwwer d'Griewerseenung schreiwe wëllt. "Wann ech samschdes eppes iwwer Pokémone schreiwe kann, dann och sonndes eppes iwwert Allerhellgen."

Hie bezweiwelt, datt dat ee vun der jonker Generatioun liest. Ech äntweren him, datt net just Jonker am Internet an op RTL.lu ënnerwee sinn. An datt de Site däers enge wéi däers anere soll hunn.

An ech hu meng Gedanke wierklech néier geschriwwen, wéi der elo just gelies hutt.

Ech wënschen Iech e puer besënnlech Deeg an e puer flott Erënnerungen - wourun Der och ëmmer gleeft, wou Der och ëmmer sidd, wat Der och ëmmer maacht.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.