Op Kannerféiss duerch d’Welt 2017D'Kanner hu keng Suen, mä 52.938 gréng Meile gesammelt

Ee Rekord fir dës Aktioun, déi iwwerall op der Welt organiséiert gëtt. D'Zil ass et fir d'Kanner fir de Klimaschutz ze sensibiliséieren.

All Meil, déi d'Kanner gaange sinn oder mam Bus, Zuch oder Vëlo gefuer sinn, konnte si an engem Sammelalbum oppechen. Am Ganzen hunn 2.600 Kanner aus 164 Lëtzebuerger Schoulklasse bal 53.000 Meile gesammelt. En neien nationale Rekord.

D'Kanner aus de Maison Relais vu Walfer ware ganz fläisseg a konnten dofir, déi gesammelt Meilen der Ëmweltministesch Carol Dieschbourg iwwerreechen. Si wäert se mat op d'COP23 zu Bonn mathuelen. Se sollen d'Participante vun der Klimakonferenz drun erënneren, alles fir de Klimaschutz ze ënnerhuelen an dass Dote méi wichteg si wéi laang Rieden.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.