4000€ fir de gudden Zweck2 Scheckiwwereechunge vun de Bayern Frënn Lëtzebuerg

Am Veräinslokal, dem Café an der Griet zu Diddeleng, hunn dëser Deeg d'Bayern Frënn Lëtzebuerg’86 traditionell nees 2 Schecken an Héicht vu 4000€ fir de gudden Zweck iwwerreecht.

Nodeems de Veräin am Joer 2016 säin 30. Jubiläum gefeiert huet an zu dësem Ulass schonns 30.000€ u verschidde karikativ Organisatioune gespent haten, konnten déi Responsabel vum Veräin, ëm hire President Leo Stumpf a Sekretär Patrick Kerschen, als definitiven Ofschloss vum Jubiläum, 2 weider Vereenegunge mat enger klenger Ënnerstëtzung glécklech maachen.

Den éischte Scheck vun 2000€ goung un d'Fondatioun "Wonschstär", e Scheck dee vun den Damme Morena Puntel a Viviane Vermeer entgéint geholl gouf.

Den zweete Scheck, och mam Betrag vun 2000€, war fir d'FAL (Fondation Autisme Luxembourg) déi duerch de Carlo Klein vertruede war.

De BFL86-President Leo Stumpf huet bei där Geleeënheet d'Gäscht begréisst an dunn a senger Usproch d'Aktivitéite vun de Bayern Frënn Lëtzebuerg erläutert. Duerno hunn di 2 Fondatiounen sech kuerz presentéiert, ier d'Schecken iwwerreecht goufen.