Manchester United Supporters Club Lëtzebuerg1.635 Euro fir den Télévie

Fir säi 25. Gebuertsjoer ze feieren, hat de Lëtzebuergesche Supporters Club vu Manchester United de 7. Oktober 2017 de legendäre Spiller Bryan Robson op Besuch.

Dat fir een Trëppeltour duerch déi historesch Deeler vun der Stad Lëtzebuerg an uschléissend fir ee “Sporting Dinner”.

Den Erléis vun der Tombola déi bei där Geleeënheet organiséiert gouf, hunn d'Membere vum Comité dem Diane Wünsch am RTL Gebai iwwerreecht.