Allen & Overy10.000 Euro fir d'"Stëmm vun der Strooss"

Et ass schonns dat véiert successiivt Joer, dat d'Etüd Allen & Overy sech fir d'"Stëmm vun der Strooss" engagéiert.

Wéi all Joers ëm dës Zäit organiséiert d'"Stëmm vun der Strooss" och dëst Joer erëm seng traditionell Kleeserchersfeier. Dëst ass duerch Benevollen an d'Ënnerstëtzung vun Entreprisen, wéi Allen & Overy méiglech. Et ass schonns dat véiert Joer hannerteneen, dat d'Etüd sech fir d'"Stëmm vun der Strooss" engagéiert.

Néng Mataarbechter invitéieren den Dënschdeg, den 12. Dezember op eng Feier am Centre Culturel zu Bouneweg a sinn Deel vun den 90 Benevollen, déi zum Succès vum Owend bäidroe wäerten. Doriwwer eraus spent Allen & Overy 10.000 Euro, déi Iessen a Cadeauë fir eng 300 defavoriséiert Leit finanzéieren sollen.

De generéisen Don gouf den 27 November vum Caroline Hay, Magalie Maillot, Véronique Braunert, Natacha Oskian a vum Maurice Macchi un den André Theisen, d'Alexandra Oxacelay an den Arnaud Watelet vun der "Stëmm vun der Strooss" iwwerreecht.