LAML meets IndiaSolidaritéistdag a Scheckiwwerreechung am Lycée Aline Mayrisch

E Méindeg, 11. Dezember, huet de Lycée Aline Mayrisch hiren traditionelle Solidaritéitsdag organiséiert.

Ronn 3.000 Schüler, Enseignanten, Elteren a Frënn vum Lycée hu sech fir de Projet "Aide à l’enfance de l’Inde et du Népal" agesat. An deem Kader hat d'Chrëschtdeko dëst Joer an der Schoul en indeschen Touch. Op e puer Stänn hunn d'Schüler e puer Zorten indesche Curry, Naan-Brout an aner Spezialitéite preparéiert. An enger Téi-Lounge konnten d'Visiteure sech ënnert anerem un indesche Spiller versichen, hir Hänn mat Henna verschéinere loossen oder Bollywood-Dänz erliewen.

Sämtlech Klassen, vu 7e bis 2e, hu sech engagéiert mat hiren Iddien a besonnesch déi Jonk goufen dobäi vun den Enseignanten an Elteren ënnerstëtzt.

Bei der Ouverture gouf dunn e Scheck vun am Ganzen 11.105 Euro un d'ONG "Aide à l’enfance de l’Inde et du Népal" iwwerreecht. D'Sue goufen am Kader vun engem Solidaritéitslaf gesammelt.

Den Erléis vun der  "Journée de la Solidarité" geet fir déi 5.  a leschte Kéier un d'AEIN, déi d'Ausbildung, Gesondheet an d'Rechter vu Kanner , Jugendlechen a jonke Fraen an Biergbauregioune vu Sandur a Südindien fërdert. Am Mee waren an deem Kader fir déi zweete Kéier Jugendlecher aus där concernéierter Regioun op Besuch am Lycée, déi sech an hirer Heemecht géint Kanneraarbecht, Kannerhochzäit a fir eng besser Ëmwelt engagéieren. Am Januar 2018 wäert eng LAML-Delegatioun mat 6 Schüler a 4 Enseignanten an Indien reesen.